
De Sall zu Nidderaanwen war gutt gefëllt, d'Stëmmung war net all ze schlecht, och wann een natierlech gehofft hat, aus der Regierung eraus op d'Joer 2019 ze prosten.
Déi grouss Krichserklärung un d'Regierung blouf lo mol nach aus. Et blouf bei der Kritik, datt mat sonnege Mesuren net fir schlecht Zäite virgesuergt ka ginn.
Déi richteg politesch Riede wëll ee sech fir de Kongress de 26. Januar halen. Do, wou sech dann och decidéiert, wien an Zukunft d'Rudder bei der CSV an de Grapp hëlt.
Serge Wilmes oder Fränk Engel, sou heescht jo den neien CSV-President. En Donneschdeg um Neijoerschpatt gouf et d'Confirmatioun, datt déi zwou Kandidaturen erakoumen.
RTL-NEWS: Duell Wilmes - Engel.
