
De Conseil superieur des maladies infectieuses hat hei Recommandatiounen erausginn.
Dat well een éischtens manner Impf-Dosisse kritt hätt, wéi een der gefrot hat, an zweetens well een net genau weess, wéi vill Leit wierklech zu de Risikogruppe gehéieren. Ausserdeem géif dat och vun der Impfbereetschaft vun deene concernéierte Leit ofhänken.
Fir ze wëssen, wéi vill Persounen zu de Risikogruppe gehéieren, hätt ee sech un den Donnéeë fir Frankräich orientéiert. Allerdéngs hätte sech hei bis ewell och vill manner Leit impfe gelooss, wéi ee sech erwaart hat.
Eng weider Optioun fir méi Leit kënnen ze impfen, wier wann ee manner grouss Dosisse géif sprëtzen. Wéi d’Ministesch schreift, géif déi Europäesch Medikamentenagence EMA grad préiwen, ob dat méiglech ass.
Zu Lëtzebuerg kann ee sech jo zanter en Dënschdeg géint den Afepouke-Virus impfe loossen