Dofir huet den nationalen Zenter fir Suchtpreventioun, kuerz de CNAPA, eng verstäerkt Sensibiliséierungs- a Preventiouns-Campagne lancéiert, fir d’Leit z’informéieren.
Suchtproblematike si present an eiser Gesellschaft an dat dierft een net ausblenden. Dofir misst een d’Leit informéieren an opklären, fir dass se eng eegestänneg Aschätzung vun de Risike kënne maachen a bewosst consomméieren, erkläert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.
“Fir einfach dat an dat allgemengt Bewosstsinn eranzekréien, wat et bedeit, net nëmmen zu engem Glas Alkohol ze gräifen, zu Zigaretten ze gräifen, mee och zu Cannabis ze gräifen. Wat dat mat engem mécht. Wourop ee muss oppassen. Wou d’Gefore sinn, och op engem Schwaarzmaart. Dat ass ganz wichteg, dass d’Leit sech bewosst sinn, wat do zirkuléiert. Wat dat fir gesondheetsschiedlech Substanze sinn, zum Deel, déi do op eng banaliséiert Aart a Weis un d’Leit erugedroe ginn.”
Et wier wichteg, déi ganz Bevëlkerung ze sensibiliséieren, ganz besonnesch awer och déi Jonk. Dat mécht de CNAPA op verschidde Levelen, erkläert d’Direktesch Elena Bienfait.
“Mir organiséieren dat, wat ee “Cannabis-Koffer on Tour” nennt an de Gemengen. Dat sinn Informatiounsveranstaltungen, wou kompetent Fachberoder a FachberoderInne vun eis wäerten do sinn. All Fro, déi kënnt, wäerte mir versichen, ze beäntweren. De wichtegste Punkt ass och natierlech, dass mir eng Hotline hunn. Dat ass eng Hotline, déi eng Permanence bitt. All dënschdes de ganzen Dag, wou all interesséiert Persoun Froe ka stellen an dat bleift och anonym.”
Donieft setzt een natierlech och op déi sozial Medien. Et géing wierklech drëm goen, d’Gespréich ze sichen.
“Dat heescht, mir probéieren, sou breet wéi méiglech an der Bevëlkerung Informatiounen iwwer Cannabis, iwwer d’Substanz, iwwer d’Risike selbstverständlech an och iwwer déi gutt Grënn fir eng Reguléierung unzeginn. Well et besti Mythen, Geschichten. Et gëtt verharmloost. Et gëtt och dramatiséiert. A mir wëlle souwuel enger Verharmlosung, wéi och enger Dramatiséierung vun der Thematik entgéintwierken.”
Nach ass de Cannabis illegal an et dierf een nach keng Planze bei sech doheem ubauen. De Gesetzprojet ass awer wéi gesot um Instanzewee an et waart een op en Avis vum Staatsrot.