De Modell, an deem mir liewen, ass net zukunftsfäeg. Eng albekannte Positioun vum Mouvement écologique, dee seng Presidentin awer net midd gëtt ze widderhuelen. Grad, well d’Bewosstsinn do wier, d’Klima- a Biodiversitéitskatastrophen trotzdeem ongehemmt viru goe géifen. Villes wier wärend Jore verschleeft ginn, kritiséiert d’Blanche Weber: “Et däerfen elo net erëm falsch Léisungen an de Fokus geréckelt ginn. Mir däerfen eis net erëm verrennen. Mir kënnen a mussen elo d’Energietransitioun, awer och de Changement an der Landwirtschaftspolitik a vum ekonomesche System hikréien.”
Fir de Mouveco féiert kee Wee laanscht d’Debatt vum Wuesstemszwang. D’Organisatioun verlaangt vun der Politik eng ausféierlech Analys, wéi de Sozialsystem onofhängeg vum Wuesstem ka finanzéiert ginn. Op der Lëscht vun de Fuerderunge steet och eng nohalteg Steierreform... a responsabel Politiker.
Blanche Weber: “Ech kann et net méi héieren, datt ëmmer vu regionaler a biologescher Liewensmëttelproduktioun geschwat gëtt, ma den Educatiounsminister mol net de Courage huet, fir Restopolis, déi Struktur, déi d’Lycéeë beliwwert, virzeschreiwen, datt si primär regional a Bioliewensmëttel musse benotzen.”
Transitioun hätt just eng Chance, wann all d’Politiker un engem Strang zéien. An net just mam Fanger op den Ëmweltministère gewise géif ginn. Wichteg wier awer och, datt all d’Leit matgeholl géife ginn, och déi mam klengen Akommes. De Mouvement écologique begréisst déi 8.000€ Primm beim Kaf vun engem Elektro-Auto.
“Mee 1/3 aus dem ënneschte Quintil kënne sech mol keen Auto leeschten. Firwat leeë mer net grad esouvill a souguer méi Geld op den Dësch, fir dëse Leit bei der Transitioun ze hëllefen?”
Mir wëlle keng Politik méi vun der Onentschlossenheet, mam Hadere virun néidege Léisunge,n déi eis Zukunft besser an iwwerhaapt méiglech maachen. Dat war de klore Message e Samschdeg um Kongress mat Bléck op d’Super-Waljoer 2023.