Positive Bilan 2018Netto-Benefice vun ArcelorMittal ëm 12,7% geklommen

RTL Lëtzebuerg
2018 war fir de Grupp ArcelorMittal ee positiivt Joer, markéiert vu wichtege strategeschen a finanzielle Progrèsen.
© RTL Télé Lëtzebuerg / Archivbild

Aus engem Communiqué, deen de weltgréisste Stolproduzent en Donneschdeg de Moie publizéiert huet, geet och ervir, dass d'Nofro u Stol um Enn vum Joer zeréckgaangen ass. Bedéngt duerch ee favorabelt Ëmfeld, konnt de Grupp gutt Resultater notéieren.

ArcelorMittal - Bilan 2018 / Reportage Pit Everling

Den Netto-Benefice ass ëm 12,7% an d'Luucht gaangen a louch Enn 2018 bei ronn 5 Milliarden US-Dollar, géintiwwer 4,6 am Joer 2017. D'Brutto-Resultat huet sech op ronn 10 Milliarde chiffréiert, dat war géintiwwer dem Joer virdrun ee Plus vun 20,3%. De Chiffre d'affaires louch am leschte Quartal bei 18,3 Milliarden US-Dollar, 2017 waren et ëm dee selwechten Zäitraum 17,7 Milliarden. Allerdéngs huet ArcelorMittal d'lescht Joer mat bal 84 Milliounen Tonne manner Stol verkaf. Et gouf ee Minus vun 1,6 Prozent par Rapport zu 2017 notéiert. Am leschte Quartal 2018 war et souguer ee Minus vun 3,6% géintiwwer dem selwechten Zäitraum 2017. Donieft goufen 2018, 92,5 Milliounen Tonne Stol produzéiert, dat waren 0,6 Prozent manner wéi dat Joer virdrun.

An Europa huet de Stolproduzent virun allem ënnert enger niddreger Nofro vum Automobilsecteur gelidden a schwaachen Exportmarchéen. Duerch d'Reprise vum italienesche Stolproduzent Ilva konnt ArcelorMittal de Réckgang awer limitéieren. Wat d'Previsioune fir 2019 uginn, geet de Konzern mat Sëtz hei zu Lëtzebuerg, dovun aus, dass déi weltwäit Demande no Stol nees liicht an d'Luucht geet.

PDF: Schreiwes vun ArcelorMittal

Back to Top
CIM LOGO