Invité vun der Redaktioun (27. Abrëll)Nicolas Buck

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moien op Radio Lëtzebuerg war de President vun der FEDIL.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Nicolas Buck
Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moien op RTL Radio Lëtzebuerg war de President vun der FEDIL.

Den état de la nation war e Bilan vun de leschte 5 Joer, an dat ass an engem Wahljoer legitim, seet de Nicolas Buck, President vun der FEDIL.

Mat villem kéint ee liewen, ënner anerem Investissementer déi gemaach goufen a ginn, sinn ze begréissen.

D'Wuesstemsdiskussioun verknäppt den Invité vun der Redaktioun mat der Pensiounsfro

Den Nicolas Buck

D'Dräier-Koalitioun hätt virun allem am Domän vun der Promotioun ganz gutt geschafft. Ma wat d'Dossiere méi politesch goufen, wat et méi schwiereg gouf.

Den Nicolas Buck

De Sozialdialog wier an de Firme selwer gutt. Soubal et national oder politesch gëtt, da géinge verschidde Gewerkschaftler ze vill zum Politiker ginn a sech net méi ëm dat këmmeren, ëm wat et eigentlech geet, esou nach den Nicolas Buck.

Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moien op Radio Lëtzebuerg war de President vun der FEDIL.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO