Soziale WunnengsbauNieft dem Staat sinn och d'Gemengen an der Verantwortung

Lynn Cruchten
Eng éischt Propose vun der Sam Tanson sinn dann och beim Syvicol, dem Syndikat vun de Gemengen, gutt ukomm, seet hire President am RTL-Interview.
VIDEO: Wunnengsbau: Staat a Gemenge gefuerder
Déi nei gréng Logementsministesch huet vill wëlles, bei ville Problemer och net vu Muttwëll.

D'Haaptprioritéit vun der neier grénger Ministesch wär et, méi erschwéngleche Wunnraum fir ze lounen op de Marché ze bréngen an hei wär net eleng de Staat an der Verantwortung, mä virun allem och d'Gemengen.

Et misst ee mat allen Acteuren am Secteur e Konsens fannen, fir eben déi deier Präisser vum Wunnen hei am Land an de Grëff ze kréien. Dofir soll d'Gesetz vun 1979 reforméiert ginn, wou all d'Aiden an d'Konventiounen definéiert. Hei misst een dofir och ee vun de wichtege Partner, nämlech d'Gemenge mat an d'Boot huelen, well d'Hallschent vun deenen huet nach ni mat dem Logementsministère zesummegeschafft. Et wëll een de Gemengen hëllefen, och Personell, well kleng a mëttelgrouss Gemenge sinn dacks net gutt genuch opgestallt a quasi mat all den Obligatiounen iwwerfuerdert.  Et feelt net ëmmer un de finanzielle Mëttelen an de Gemengen, mä einfach un der Quantitéit vun der Manpower.

De President vum Syvicol Emile Eicher seet, datt d'Ministesch schonn an enger éischter Reunioun e puer Iddien hat, déi op dat aginn, wat de Syvicol verlaangt huet. Eben och, datt et u Mataarbechter feelt. Fir den Emile Eicher ass d'Feele vu Mataarbechter an de Manque un Hëllef an de leschte Joren, ee vun de Problemer, wisou vill Gemengen nach net mam Ministère zesummegeschafft hunn. Och ass et fir de Syvicol de richtege Wee, fir verstäerkt op de Logement sozial ze setzen.

Back to Top
CIM LOGO