
“Solidaresch”, dat ass de Slogan vun déi Lénk, déi e Freideg de Moien hire Walprogramm fir d’Gemengewalen an der Stad Lëtzebuerg an d’Haaptprioritéiten dovunner e Freideg de Moie presentéiert hunn.
Ënnert anerem sollen an hiren Aen an den nächste 6 Joer 5.000 ëffentlech Locatiounswunnengen an der Stad Lëtzebuerg gebaut ginn, 30er Zonen um Gebitt vun der Stad d’Norm sinn, 10.000 Beem geplanzt an, an all Quartier e Kommitee gegrënnt ginn. Et wieren alles sozial an ekologesch Mesuren, well dat eent net ouni dat anert géif goen. Nodeems 54 Joer laang d’DP un der Spëtzt an der Stad Lëtzebuerg war, misst elo endlech Schluss si mat der neoliberaler an onsozialer Politik, fuerderen déi Lénk.