
Dobäi goufen nach eng Geldstrof an e Fuerverbuet vun zwee an engem hallwe Joer fir e Mann vun haut 40 Joer gefuerdert. Hien hat deemools am fréien Owend e Mann vun 83 Joer um Zebrasträif ugestouss: Dee war 5 Deeg drop gestuerwen. De Beschëllegten hat zum Zäitpunkt vum Accident net grad 2,4 Promill Alkohol am Blutt.
Fir de Geriichtsmedeziner gouf et dann och en eendeitegen Zesummenhank tëscht dem Accident an dem Doud vum Affer. Dat wär nach op der Plaz reaniméiert an an e Spidol bruecht ginn. Do goufe virun allem de Broch vun engem Halswirbel an eng Gehirbluddung festgestallt. En Zeien, dee sengerzäit als Bäifuerer vu Réimech erfort koum, hat sengem Chauffeur gesot opzepassen. Hien hat dat spéidert Affer op ca 25m gesinn, wat awer net liicht gewiescht wär. Den eelere Mann wär lues iwwert den Zebrasträif getrëppelt, hien a säi Chauffeur wäre schonn doriwwer ewech gewiescht, wéi den Ugekloten d'Affer ze pake krut. Den Zeie sot, hien hätt et bremsen héieren, a gläichzäiteg hätt et geknuppt.
De Beschëllegte konnt sech déi, wéi de Riichter sot, „ganz schlëmm Affär, wéinst dem héijen Alkoholstaux“, net erklären. „Dir hutt 10 bis 15 Béier gedronk! Dann hëlt een a Kaf, dass sou eppes passéiert!“, huet de President vum Geriicht dem Mann an d'Gewësse geriet. Dee sot, dass et him schrecklech géif leed doen. Wouropshin de Riichter gemengt huet: „Do muss een engem soen: Komm mech sichen, et geet net méi! Et ass net ze verstoen!“
Nodeems de Me Tecqmenne ronn 30.750 € Schuedenersatz fir den Neveu vum Affer gefrot hat, huet dem Ugeklote seng Affekotin erkläert, de Mann wéisst, dass hien den Auto net hätt sollen huelen. Hien hätt den eelere Mann awer net gesinn. Der Me Wieclawski no war keng iwwerdriwwe Vitesse am Spill a sollt keng Prisongsstrof gesprach ginn, wéinst Circonstances atténuantes. Dat huet d'Vertriederin vum Parquet anescht gesinn: Si huet vum gréisste Feeler am Beschëllegte sengem Liewe geschwat, fir deen Owend an den Auto ze klammen, a vun engem ganz trauregen an onglécklechen Dossier.
D'Uerteel ass fir den 20. Mee.