"Ech maache keng gréng Politik, mä ech wäert de Regierungsprogramm ëmsetzen, an deen ass e Kompromëss vun 3 Parteien". Sou huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun, op Kritike reagéiert, déi rezent vun de Baueren koumen.
D'Onsécherheet am Secteur wier ze verstoen, mä hie wéilt mat engem klore Plang d'Landwirtschaft an de Mëttelpunkt stellen. Et wier wouer, dass d’Betriber sech missten ëmstellen, well een op 25% Bio-Landwirtschaft wëll kommen, um Horizont 2025. D’Betriber géifen awer net eleng gelooss ginn.
Et géif een zesumme wëlle mam Secteur kucken, wéi een dee Switch hikritt. Planungssécherheet a méiglech Kompensatiounsmesure wieren dofir wichteg Elementer. An et misst ee kucken, dass d’Präisser vu Bio-Produiten am Handel erofginn. Eng Demande fir Bio um Teller wier op alle Fall do.
Genee sou wichteg wéi d’Biolandwirtschaft, wier awer och weiderhin d’Setzen op déi saisonal a regional Produiten.
Dass Glyphosat bis Enn 2020 komplett hei zu Lëtzebuerg soll verbuede ginn, gesäit de Romain Schneider als eng logesch Konsequenz vun der ganz kritescher Haltung, déi de Grand-Duché an de leschte Jore souwisou schonns an deem Dossier hat.
Et kéint een hei en Zeechen setzen, deen och dem Nation Branding gutt géif zu Gesiicht stoen.
De Romain Schneider ass och weider zoustänneg fir d'Securité Sociale. D'Nomenclature soll iwwerschafft ginn, zesumme mat den Dokteren. An an deem Kontext soll och de Supplement op den Doktesch-Rechnunge fir déi 1. Klass ewechfalen.
Sportsminister ass de Romain Schneider net méi. Et wär kee Wonschconcert, sot hien en Donneschdeg de Moien. Et kéint ee sech net all déi flott Ministère erauswielen. 3 Ministèren wären een ze vill, et misst ee Prioritéite setzen.
Hien ass de Minister vun der Sécurité Sociale a vun der Landwirtschaft, de Romain Schneider war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.