Den Ëmsaz ass vun 11 Milliarden op 19,3 Milliarden Dollar geklommen. Ënnert dem Stréch huet ArcelorMittal 4 Milliarden Dollar verdéngt.
Et wär dat bescht Quartal zanter 2008, gëtt de Chef Aditya Mittal zitéiert. Zejoert hat d‘Pandemie nach fir Verloschter bei der gréisster Stolentreprise an Europa gesuergt.