
De Mëttelstandsminister huet en Dënschdeg d'Opstelle vun engem komplette Package u Mesuren annoncéiert, vun deenen eng d'Weiderféiere vum Chômage Partiel kéint sinn. Den Ament géif een deen awer bäibehalen, sou de Lex Delles, dee präziséiert, dass 6 Ministeren un dësem Dossier géinge schaffen.
E Méindeg kënne Coifferen a Schéinheetssalonen erëm opmaachen. Hir Federatioun hat op den Datum vum 11. Mee insistéiert, well d'Betriber et soss finanziell net méi géife packen. Si fuerderen, dass de Chômage partiel onbedéngt weider leeft, well vill Mataarbechter aus der franséischer Grenzregioun kéimen an do d'Schoulen nach net op géingen. Och de Verloscht u Clienten duerch déi virgeschriwwen Distanz am Salon,wier eng Ursaach, no weideren Hëllefen ze froen, sou de Michel Sanna, Coiffer an ee vun de Vertrieder vun dësem Beruffsstand an der Federatioun.
Hei am Land ginn et 501 Coiffeurssalonen an 280 Instituts de beauté an am Ganze schaffen eng 3.300 Leit am Secteur vun der Coiffure an der Esthetique. De Méindeg de Moien haten d’Vertrieder vun der Federatioun eng Reunioun mam Mëttelstandsminister a Leit aus der Santé, fir iwwer d’Deconfinement an déi néideg Mesuren, déi musse geholl ginn, ze schwätzen. De Secteur huet hei kloer Fuerderungen, wéi ee vun de Vertrieder vun de Coifferen, Michel Sanna, erkläert.
E Méindeg hat de Premier annoncéiert, dass ee sech, a punkto Aiden un d'Entreprisen, de Commerce an d'Handwierk an der Phas vum Deconfinement, fir d'éischt e Bild iwwer d'Gesamtkäschte misst maachen. Déi lafen um Enn iwwer 6 Ministèren.
Nom Regierungsrot e Mëttwoch wäerten et Prezisioune ginn iwwer dëse Package a seng nohalteg Mesuren.
