Invité vun der Redaktioun (12. Mäerz)Norman Fisch: Sozial an ekologesch rentéiert sech!

RTL Lëtzebuerg
Dat sot de Generalsekretär vum "Institut national pour le développement durable et la responsabilité des entreprises“, kuerz INDR, deen 10 Joer feiert.
Radio - Invité vun der Redaktioun: Norman Fisch
Hien ass Generalsekretär vum "Institut national pour le développement durable et la responsabilité des entreprises", kuerz INDR, deen 2018 seng 10 Joer feiert.

Wat sinn d'Missioune vum INDR, wat bréngt et enger Entreprise, fir sech géintiwwer Gesellschaft an Ëmwelt responsabel ze weisen, a wat muss se dofir maachen? Dat hu mir de Generalsekretär vum INDR gefrot. Den Norman Fisch war e Méindeg eisen Invité vun der Redaktioun.

Dat sot de Generalsekretär vum "Institut national pour le développement durable et la responsabilité des entreprises“, kuerz INDR, deen 10 Joer feiert.

Den "Institut national pour le développement durable et la responsabilité des entreprises" begleet Betriber, wa se sech par Rapport zu Ëmwelt a Gesellschaft wëlle responsabel weisen. Dat ënnert anerem mat Formatiounen.

Sech sozial an ekologesch ze engagéieren, géif de Betriber och eppes bréngen, dat besonnesch laangfristeg gekuckt. Dovun ass den INDR-Generalsekretär Norman Fisch iwwerzeegt. Et wier nämlech eng strategesch Decisioun, fir méi responsabel ze schaffen, fir och an Zukunft kënne méi kompetitiv ze sinn.

Den INDR huet d'Ambitioun, Lëtzebuerg bis 2020 zu engem Musterschüler am Beräich "responsabilité sociétale" ze maachen.

© INDR

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO