
D'selwecht wéi viru knapp 7 Méint um Stater Geriicht gouf en Dënschdeg am Nomëtten och op der Cour d'appel an der Stad liewenslängleche Prisong am Mordprozess géint e Mann vun haut 59 Joer gefrot.
Et war him virgehäit ginn, am Januar 2015 seng deemools 48 Joer al Ex-Fra virsätzlech ëmbruecht ze hunn. D'Affer war am Hannerhaff vun engem Haus zu Esch mat 6 Schëss doutgemaach ginn.
D'Appelluerteel ass fir den 12. Februar.

FOTOGALERIE: Andréck vun der Plaz vun der Dot vun Olidom Multimedia.