
Dëst kéint “Dramae verhënneren”, heescht et am Communiqué en Donneschdeg de Moien. Besonnesch eeler Leit wiere betraff, sech unzestiechen, donieft géifen duerch d’Covidmesuren ëmmer méi Kanner an Erwuessener psycho-sozial Problemer entwéckelen.
D’Wëssenschaft géing wuel weisen, dass eng Impfung e Risk fir d’Majoritéit vun de Mënschen, sech mam Coronavirus z’infizéieren, net komplett verhënnert, ma et wier aktuell awer deen eenzege effikasse Moyen, d’Populatioun viru méi schwéiere Verleef oder anere Komplikatiounen duerch de Virus ze schützen. Och kéint e Kollaps vun eisem Gesondheetssystem evitéiert ginn. Lëtzebuerg wier duerch seng kleng Surface a seng limitéiert sanitär Moyenen “en héich vulnerabelt Land”, heescht et weider am Schreiwes vun der AMMD.
Et wier och leider esou, dass den Impftaux zu Lëtzebuerg net héich genuch wier. Dass just déi Leit, déi am Gesondheetssecteur schaffen, obligéiert solle ginn, sech z’impfen, géing net duergoen an och dowéinst ass d’Doktesch- an Zänndokteschassociatioun och fir eng allgemeng Impfflicht hei am Land, fir all déi, wou et keng medezinesch Konterindicatioun gëtt. D’Obligatioun misst awer un eng reegelméisseg wëssenschaftlech Reevaluatioun gebonne sinn.
