11 Associatiounen aus der Lëtzebuerger Zivilgesellschaft soe sech entsat: “Dat, wat zu Miedernach geschitt ass, ass en Akt vun oppenem Antisemitismus”, esou de Marc Schoentgen, de President vum Comité Auschwitz de Mëttwoch de Moien op der Stater Gare. Um Joresdag vun der éischter Deportatioun vun 323 jiddesche Matbierger, op Uerder vun den Nazien, 1941.
“D’Duerchsträiche vum Numm “israélite” ass méi wéi just ee Geste mat Faarf. Domadder verbonnen ass d’Intentioun oder de Versuch, d’Erënnerung un de Vëlkermord un de Judden, mä och de Versuch d’Presenz vum jiddesche Liewen hei zu Lëtzebuerg a Fro ze stellen oder och iergendwéi ze negéieren”, esou de Marc Schoentgen, de President vum Comité Auschwitz.
D’lescht Joer huet d’RIAL - d’ASBL, déi sech mat der Recherche an der Informatioun zum Thema Antisemitismus hei zu Lëtzebuerg beschäftegt - 144 Fäll vun Antisemitismus festgehalen. Dëst Joer sinn et der schonn zu dësem Zäitpunkt nach méi.
De President vum RIAL, de Bernard Gottlieb, iwwer déi aktuell Tendenz: “Mer hunn elo 160 Fäll fir dëst Joer an ech muss éierlech soen, et si vill Saachen, déi mir einfach duerchgoe loossen, well et bréngt jo näischt, Honnerte vu Fäll ze dokumentéieren. Ech mengen, mir sinn op engem héijen Niveau. Mir hu méi Fäll wéi d’lescht Joer an dat ass einfach en Indicateur.”
Fäll, déi net all gläich schro wieren. Vun antisemittesche Beleidegungen op sozialen Netzwierker, bis d’Schmiererei zu Miedernach. Leit aus der jiddescher Communautéit, déi engagéiert sinn, déi visibel sinn, déi hir Meenung soen, géife sech den Ament wéi eng Zilscheif villen.
“Ech mengen et sinn enorm vill Leit, déi et net fäerdegbréngen, den Ënnerscheed ze maachen tëschent engem Lëtzebuerger Judd, engem Zionist, wat och ëmmer dat bedeit, an engem Israeeli”, esou de President vum RIAL.
Lódz, dat ass den Numm vun der zweetgréisster Stad a Polen, deen de meeschte Leit geleefeg ass. Lódz steet, ënnert engem aneren Numm, awer och fir ee grausaamt Kapitel wärend dem zweete Weltkrich. Lódz gouf mam Iwwerfall 1939 Deel vun Nazi-Däitschland, d’Stad ass am Abrëll 1940 op Litzmannstadt ëmbenannt ginn an ass zu engem Ghetto ginn. An dat Kapitel soll net an de Vergiess geroden, och net heiheem.
Jiddesch Kanner, Fraen a Männer hunn am Ghetto zu Litzmannstadt bis zur Erschëpfung fir déi däitsch Besatzungstruppe misse schaffen.
De 16. Oktober 1941 goufen déi éischt Judden aus Lëtzebuerg an der Géigend ëm Tréier an de Ghetto Litzmannstadt deportéiert. Et war den Zuch Da3. D’Leit hu just dierfen eng Wallis mathuelen an hunn den Zuch-Billjee misse selwer bezuelen, et war een “aller simple”.
323 Membere vun der jiddescher Gemeinschaft zu Lëtzebuerg si vun der Stater Gare aus vun de Nazien an de Ghetto Litzmannstadt verschleeft ginn, just 11 haten iwwerlieft. Kanner ënner 10 Joer an eeler Leit, déi nach net oder net méi fäeg waren ze schaffen, goufen eng 50 Kilometer méi wäit op Kulmhof, dat éischt Vernichtungslager vum Nazi-Regime deportéiert. Zegdausende koumen 1944 an d’KZ op Auschwitz. Eleng am Mount August 1944 waren et 65.000 Mënschen, déi op Auschwitz-Birkenau koumen.
Dat haitegt Lódz steet fir de Massemord un iwwer 200.000 Judden, och, wéi gesot, u méi wéi 300 Leit aus Lëtzebuerg. An der Stater Gare gouf och dëst Joer un dëst däischtert Kapitel erënnert, a Presenz vu Schüler aus de Lycéeë vun Dikrech an Diddeleng. Déi hunn un d’Schicksal vu Judden erënnert, déi virun 83 Joer deportéiert goufen an ënner anerem aus engem Bréif virgelies, deen d’jiddesch Gemeinschaft deemools krut.
“Zum Zwecke der Aussieldlung, haben sie sich, und Familienmitglieder, soweit sie vorhanden sind, am 16. Oktober 1941 um 10 Uhr früh auf dem Hauptbahnhof Luxemburg bei der zuständigen Dienststelle der Sicherheitspolizei abfahrbereit einzufinden.”