Haislech GewaltOch no der Trennung an enger Gewaltbezéiung brauchen Affer Hëllef

RTL Lëtzebuerg
Mir hunn Äntwerte beim Info- a Berodungsservice Visavi vu "Femmes en détresse" kritt.
© nogestallten Zeen/RTL-Archiv

Et ginn eng Rei Grënn, wisou et schwéier ass, en definitive Schlussstréch ënnert esou eng Bezéiung ze zéien. Et ginn ëmmer erëm Situatiounen, an deenen och eng Wegweisung muss geschwat ginn. No enger Trennung bedeit net automatesch, datt erëm alles gutt ass.

Net nëmme virun der Trennung, mee och nach duerno brauchen d’Affer dacks nach professionell Ënnerstëtzung. Esou eng Gewaltbezéiung hannerléisst Spueren, Sequellen. Am Fall vun engem Trauma brauchen déi concernéiert Persoune grad Hëllef, fir dësen ze bewältegen. D’Monique Lucas, Responsabel vum Visavi erkläert:

“Anerer brauchen eng Ënnerstëtzung, fir ëmmer erëm ze kucken, wou sinn ech, wéi geet et weider, een, deen do ass, wann ee seng Decisioun unzweiwelt, wann ee sech eleng spiert, wann een, jo, mat all deene Schwieregkeete vun enger Trennung confrontéiert ass, sief dat elo op emotionalem Plang, sief dat op finanziellem Plang, sief et a puncto Kanner, wann ee gemeinsam Kanner huet, fir dat ze reegelen, sief dat juristesch. Ass jo e ganze Rateschwanz hannendrun, wou ee sech muss erëm eppes Neits opbauen, en neit Liewen awer och sech selwer.”

Et kënnt ëmmer erëm vir, datt d’Affer méi wéi eng Kéier bei den Täter zréckginn. Et sinn engersäits Gefiller am Spill, et huet ee sech zesumme mat deem aneren e Liewen opgebaut, eventuell huet een zesumme Kanner, an da kann et sinn, datt Frënn a Famill een encouragéieren, fir där Bezéiung nach eng Chance ze ginn. Existenzängscht respektiv Angscht virun der Zukunft spillen do och eng Roll.

“Den Täter seet och ‘gëff mir nach eng Chance, ech wäert mech besseren’, et sinn déi Verspriechen, déi kommen. Oft ass et jo wärend der Gewaltbezéiung, dass de Partner, dat soziaalt Ëmfeld, wat een huet, lues a lues aschränkt, sou e Kampf op ville Fronten, esou dass vill Leit eben een, zwee oder méi oft zréck ginn, an da konstatéieren, et huet sech awer näischt geännert, an esou dass dat och emol kann en Hin an Hier sinn, éier een dann endgülteg de Schlussstréch zitt.”

Emotional Ofhängegkeet, datt een d’Gefill huet, dem Partner wichteg ze sinn, respektiv finanziell Ofhängegkeet féieren dann och dozou, datt ee sech net direkt definitiv getrennt kritt.

“Jo, dat ass jo eppes, wat een oft héiert, vu Leit, déi soen, jo wann ech eng géing kréien, ech géif direkt goen, déi net verstinn, wou een do a fir engem Strudel dran ass a wou et immens schwéier ass, erauszekommen an dat mécht och beim Opfer, dass d’Hemmschwell grouss ass, fir driwwer ze schwätzen, well et domat rechent, gesot ze kréien, éischtens du hues dir et selwer zouzeschreiwen, oder da war et net schlëmm genuch, wann s du bei him bliwwe bass an all déi Virurteeler, mat deenen een da konfrontéiert ass.”

Am Fall vu kierperlecher Gewalt besteet d’Méiglechkeet, datt d’Wegweisungsgesetz eventuell ugewannt ka ginn. Dëst Gesetz gëtt et zënter 2003 hei zu Lëtzebuerg. Monique Lucas:

“Wann et do zu kierperleche Gewalttätegkeete kënnt an d’Police kënnt op d’Plaz, si konstatéiert dat, mécht d’Police um Parquet eng Demande, dass si eng Wegweisung schwätzen, wann déi dann ugeholl gëtt, gëtt deen, dee gewalttäteg war, fir 14 Deeg laang weggewisen. Dat heescht, e muss de Schlëssel vum Haus ofginn, hien huet keen Zoutrëtt méi zum Haus wärend der Zäit, fir eben dem Opfer, d’Méiglechkeet ze ginn, mol zur Rou ze kommen an z’iwwerleeën, wéi et weidergeet.”

De Service “Aide aus Victimes” kontaktéiert am Fall vun enger Wegweisung déi betraffe Persoun automatesch, fir Hëllef wärend der Zäit a kuerz duerno nach unzebidden.

Ënner anerem d’"Canadian Women’s Foundation” huet en Handzeechen agefouert, mat deem een anere Leit weise kann, datt een Hëllef brauch, wann een Affer vun haislecher Gewalt ass.

© Shutterstock

Back to Top
CIM LOGO