Biodiversitéit a GeforOch zu Lëtzebuerg gëtt elo Alarm geschloen

Pierre Weimerskirch
Och am Grand-Duché géif z.B. d'Zuel vu Planzen, Villercher an Insekten zréckgoen, esou 5 Lëtzebuerger Institutiounen.
Biodiversitéit a Gefor
Och am Grand-Duché géif z.B. d'Zuel vu Planzen, Villercher an Insekten zréckgoen, esou 5 Lëtzebuerger Institutiounen.

Ronn annerhallef Woch no der Publikatioun vum UNO-Wëssenschaftsconseil sengem Rapport iwwert den Zoustand vun der Biodiversitéit hunn am spéide Freideg de Moien och 5 Lëtzebuerger Institutiounen an Associatiounen Alarm geschloen.

Och am Grand-Duché géif zum Beispill d'Zuel vu Planzen, Villercher an Insekten zréckgoen, dofir misst eise Gesellschafts- a Wuesstemsmodell a Fro gestallt ginn, huet et am Naturmusée geheescht.

Biodiversitéit a Gefor
Och am Grand-Duché géif z.B. d'Zuel vu Planzen, Villercher an Insekten zréckgoen, esou 5 Lëtzebuerger Institutiounen.

No dësem Rapport géif et keng Ausried méi ginn, an och wann et eng kollektiv Verantwortung gëtt, misst d'Politik awer de Kader fir Changementer setzen.

E war alarmant, dee rezent vum UNO-Wëssenschaftsconseil publizéierte Rapport iwwert den Zoustand vun der Biodiversitéit: Dora stoung, dass weltwäit iwwer eng Millioun Planzen- an Déierenaarten a Gefor sinn. E Freideg hu 5 Lëtzebuerger Institutiounen an Associatiounen op dee Rapport vun 1.800 Säite reagéiert a betount, dass d'Situatioun am Grand-Duché net onbedéngt besser ass. De Guy Colling aus dem Naturmusée huet d'Beispill vun de Planze genannt; ëmmerhi wär iwwer en Drëttel vun der Flora bei eis a kengem gudden Zoustand:

De Guy Colling aus dem Naturmusée

Am Rapport vum UNO-Wëssenschaftsrot stinn och Konklusiounen, sou d'Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement écologique. Dobäi gëtt eise Gesellschafts- a Wuesstemsmodell a Fro gestallt:

D'Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement écologique

De Jacques Pir vum Mouvéco huet ervirgehuewen, dass all Dag 140 bis 180 Liewewiese verschwannen; d'Grënn dofir ginn am Rapport genannt:

De Jacques Pir vum Mouvéco

Och zu Lëtzebuerg wär e Bewosstsi fir dës Dramatik néideg a wäre Moossnamen z'ergräifen, huet et e Freideg nach geheescht.

Back to Top
CIM LOGO