
D’CO2-Steier soll zum Beispill ofgeschaaft ginn. Jiddereen, deen hei am Land schafft, muss Lëtzebuergesch kënnen oder léieren. Och an de Schoulen soll et een zousätzleche Feierdag ginn, well Christihimmelfaart an den Europadag den 9. Mee op een Dag falen. Déi kathoulesch Feierdeeg sollen all ofgeschaaft ginn an duerch flexibel Congésdeeg ersat ginn. An ee Petitionär fuerdert, datt Silvester däerf gefeiert ginn, wéi et sech gehéiert, wéi hie mengt. Freedefeier iwwerall! Et wär onméiglech, datt dës Traditioun wéinst den Déiere géif verschwannen.
All d’Petitioune fannt der op petititounen.lu. Déi nei kann ee bis de 7. Mäerz ënnerschreiwen. Bei méi wéi 4.500 Ënnerschrëfte kënnt et zu enger Diskussioun an der Chamber.
3018: Einführung eines regelmäßigen Winterstreudienstes mit Sand zwischen 4 & 7h morgens, durch die Kommunen gegen eine monatliche Gebühr in den Wintermonaten verteilt auf alle Haushalte.
3013: Zusätzlicher Feiertag auch für Schulen wegen das Übereinanderschneiden von Christihimmelfahrt und Europatag (9 Mai)
3010: Remplacement des jours fériés catholiques par des jours de congé mobiles
3001: Annulatioun vun der Konventioun tëschent Staat an der CLT-Ufa an Oofschaafe vun alle staatleche Subventiounen un RTL.
2998: Obligatioun fir Lëtzebuergesch ze beherrschen an oder ze léieren.
2996: Erhöhung der täglich genutzten Essensgutscheine (mindestens 10/Tag)
2995: Sylvester feieren ewei sech dat geheiert, Feierwierk iwerall!!
2987: Abschaffung der CO2 Steuer.
2984: Inscrire dans la loi le droit pour le locataire de détenir un ou plusieurs animaux de compagnie de petite taille (inférieur à 2.5kg).
2978: Libre choix de son statut à l’état civil après le divorce ou décès de son conjoint.
2977: Permis cyclomoteur - catégorie AM - à partir de 14 ans, et introduire l’enseignement du code de la route au lycée.