
D’Regierung huet mëttlerweil annoncéiert, datt eng Bachelorformatioun soll kommen. D’Infirmièresassociatioun ANIL awer kritiséiert ënnert anerem, datt de BTS-Studium, eng Formatioun vun 2 Joer no der Première, parallel weiderlafe soll. Zesumme mat de Gewerkschaften LCGB an OGBL organiséiert si virun der Chamber e Protest-Piquet, bei deem eng déifgräifend Reform vun der Formatioun vun de Gesondheetsberuffer gefuerdert gëtt.