Wann dat net geschitt, soll et negativ Konsequenze fir eng aner Gewerkschaft ginn. De 7. Januar hu sech d’Gewerkschaftsfront aus OGBL an LCGB an den neien Aarbechtsminister Marc Spautz eng éischte Kéier gesinn.
Vun de Syndikater heescht et, d’Stëmmung wier zwar gutt gewiescht, ma et hätt een och nach net um Fong diskutéiert. Eng méi kriddeleg Fuerderung hunn d’Gewerkschaften awer scho gestallt. Entweder si sinn an Zukunft bei de Verhandlungen am ëffentlechen Déngscht mat dobäi, oder d’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP dierf net méi un de Reunioune vum Comité permanent du travail et de l’emploi, kuerz CPTE, deelhuelen. Woubäi de Fokus ganz kloer um éischten Deel läit, wéi d’OGBL-Presidentin Nora Back erkläert.
“Mir als OGBL an LCGB sinn och vertrueden a Betriber, a Secteuren, wou Dausende Leit beschäftegt sinn, déi direkt ofhänke vum Accord salarial an der Fonction publique an dofir soe mir, an dat soe mer scho laang eigentlech, mir wëllen och do mat um Verhandlungsdësch kënne sëtzen, fir den Accord salarial bei der Fonction publique a fir all grouss politesch Decisiounen, déi den ëffentleche Beräich betreffen.”
Dono gefrot, ob een net fäert, datt et zu engem onnéidege Sträit tëscht de Gewerkschafte kënnt, wann d’CGFP aus dem CPTE ausgeschloss géing ginn, seet den LCGB-President Patrick Dury, datt esouwuel d’Salariéë wéi och d’Gewerkschaften aus dem Privatsecteur dat lescht Joer massiv ënner Drock gerode wieren. Ma domadder net genuch:
“Wärend der selwechter Zäit ass een Accord salarial an der Fonction publique verhandelt ginn. Mir hunn domadder kee Problem, och kee Problem mat der Substanz. Mee mir hätten awer gären an der Zukunft, datt eng gewëssen Transparenz besteet, datt deen ee weess, wat och an deem anere Secteur lass ass, fir datt sou Situatioune wéi dat lescht Joer net méi kënne passéieren.”
Aus dem Aarbechtsministère heescht et op Nofro hin, datt de Marc Spautz fir d’éischt mat alle concernéierten Acteure schwätze wëllt, ier ee sech ëffentlech zu deem Sujet äussert. Och de CGFP-President Romain Wolff wollt net “à chaud” reagéieren.
Liest och hei: