Ob a wéi Doktere sech reell weiderbilden, ass zu Lëtzebuerg - anescht wéi am Ausland - jidder Eenzelnem iwwerlooss.
Ob beim Zänndokter, Generalist oder Spezialist: wéi kann ech als Patient sécher goen, datt mäin Dokter um neiste medezinesche Stand ass?
“Dir kënnt hie froen. Soss hutt dir keng Méiglechkeet, dat gewuer ze ginn, well mir hunn och keng Iddi, wien eng Formation continue mécht a wie se net mécht”, seet d’Dr Monique Aubart-Schuller vum Collège médical. Vu datt een d’medezinesch Weiderbildung zu Lëtzebuerg néirens misst noweisen, géifen et keng och Statistiken.
Am Ausland an an eisen Nopeschlänner ass dat anescht. Do ass d’medezinesch Weiderbildung reglementéiert. Doktere mussen och noweisen, datt si hirer Obligatioun nokommen, mat méigleche Konsequenzen. Entweder engem Dekonventionnement, datt den Dokter also net méi mat der Gesondheetskeess ka schaffen, an anere Länner kritt een d’Autorisatioun, fir als Dokter ze schaffen, entzunn.
Fir lo kee Generalverdacht opkommen ze loossen: Vill Dokteren am Land - warscheinlech déi Allermeescht - hale sech um neiste Stand vun hirer Medezin. D’Generalisten hu souguer mat der ALFORMEC eng Associatioun heifir.
An de Spideeler gëtt Weiderbildung ugebueden, alles kann awer net zu Lëtzebuerg geléiert ginn, vill Doktere fueren dofir och an d’Ausland.
Dat wär och ee vun de Grënn, firwat mer am Grand-Duché nach ëmmer kee reglementéierte System hätten, erkläert den Dr David Heck, Generalsekretär vum Collège médical.
“Dat sinn a verschidde Länner, verschidde Systemer, verschidde Formatiounen. Do muss dann eben och decidéiert ginn, wéi eng Formatiounen do géifen unerkannt ginn.”
Eng Tâche, déi den Institut Luxembourgeois de Formation médicale Continue, kuerz ILFMC, sollt virun 20 Joer iwwerhuelen. Dozou wär et awer ni komm, seet d’Dokter Aubart-Schuller. Dat wär eng ASBL gewiescht mat Benevollen. Et wär einfach ze vill Aarbecht.
De Collège médical ass fir eng Reglementatioun vun der obligatorescher medezinescher Weiderbildung. Et misst definéiert ginn, wéi vill Formatioune wéi dacks néideg wär, wéi ee Contenu unerkannt gëtt. Well “soulaang do net ee klore Kader besteet, ass et schwéier, fir déi Obligatioun duerchzesetzen”.
Heifir wär awer de politesche Wëllen erfuerdert, ënnersträicht den Dr Heck. Dee Wëllen hunn CSV an DP och an hirem Regierungsprogramm manifestéiert. Ee System fir d’Unerkennung an d’Validatioun vun der medezinescher Weiderbildung soll en place gesat ginn. Esou mol de Plang.