Fir Aarbechter besser géint Hëtzt ze schützenOGBL fuerdert, datt Waasser a Schiet um Chantier Flicht ginn

Marc Hoscheid
Am Kontext vun der Hëtzwell kritiséiert den OGBL, datt d'Salariéë keen Drockmëttel vis-à-vis vum Patron hunn an ze wéineg Betriber op de Chômage d'intempéries zeréckgräifen.
© Marc Hoscheid

Aktuell ass Lëtzebuerg vun enger massiver Hëtztwell betraff. Temperature vu plazeweis bal 40 Grad hunn natierlech och Auswierkungen op d'Aarbecht um Bau.

D'Inspection du travail et des mines, kuerz ITM, huet dowéinst Recommandatiounen eraus ginn. Do heescht et ënnert anerem, datt de Patron bei Aarbechten dobausse Plazen amenagéiere soll, wou sech d'Aarbechter am Schiet ophale kënnen.

En anere Punkt ass, datt de Patron genuch temperéiert Drénkwaasser zur Verfügung stelle muss.

Dat geet dem OGBL awer net duer an et fuerdert een duerfir, datt aus de Recommandatioune Verflichtunge musse ginn. Doduerch hätten d'Salariéeën, respektiv d'Personaldelegatioun, nämlech een Drockmëttel vis-à-vis vum Patron a kéinten domadder dreeën, d'ITM ze ruffen, wa sech net un d'Reegele gehale gëtt.

Bei der gréisster Gewerkschaft vum Land géing ee sech zudeem wënschen, datt méi Betriber op de Chômage d'intempéries zeréckgräifen. Dobäi kritt de Salarié nach 80 Prozent vu senger Paie.

Vill Betriber géingen dee Chômage awer net ufroen, well si d'Paie wärend deenen éischten zwee Deeg bezuele mussen. Dobäi wier et d'Responsabilitéit vum Patron, fir sech ëm d'Sécherheet vu senge Leit ze këmmeren.

De Jean-Luc De Matteis, Zentralsekretär an zoustänneg fir de Bau beim OGBL, ënnersträicht awer och, datt et duerchaus ganz vill positiv Beispiller gëtt:

Mir hu ganz vill grouss Betriber a mëttelgrouss Betriber, déi ganz gutt Moyene fonnt hunn, fir dat sou mënschlech ze maache wéi méiglech. Et sinn der, déi hu Chômage d'intempéries gefrot, et sinn der, déi fänken éischter un, et sinn der, déi maachen all Stonn eng Véierelstonn bezuelte Paus, do kënnt fléissend Waasser, do kënnt gekillte Waasser, d'Leit kréie Sonnecrème. Si probéieren och, d'Aarbecht anescht ze organiséieren, fir datt se kënnen déi schwéier Aarbechte méi fréi maachen an dee Moment, wou et méi waarm gëtt déi méi liicht Saache maachen. Dat gëtt et, mee dat ass virun allem am Sozialdialog an einfach mat gesondem Mënscheverstand, wou ee Léisunge ka fannen.

Datt et a méi grousse Betriber dacks besser funktionéiere géing, géing och dorunner leien, datt ab 15 Salariéen eng Personaldelegatioun Flicht ass.

Zanter e Méindeg gëllt zu Lëtzebuerg eng Alerte rouge wéinst der Hëtzt, ma réischt en Donneschdeg huet den Ëmweltministère decidéiert, datt Chantiere bausse schonn um 6 an net wéi normalerweis réischt um 7 Auer dierfen ufänken – dat, well et fréi moies eben nach méi frësch ass.

De Jean-Luc De Matteis kritiséiert, datt et zu Lëtzebuerg iwwert d'Gemengereglementer gereegelt ass, vu wéi vill Auer un ee gewësse Kaméidi gemaach dierf ginn. Et misst par Konter een Automatismus agefouert ginn, datt esoubal wann eng Alerte rouge wéinst Hëtzt gëllt dann och d'Chantieren éischter ufänken dierfen.

Back to Top
CIM LOGO