
OGBL, LCGB an CGFP verweisen op en Neits op déi kal Progressioun bei den Indextranchen. Bei engem duerchschnëttleche Salaire géinge vun den 2,5% just 1,75% iwwereg bleiwen.
D’Gewerkschafte wëllen de Premier nach virun der Tripartite den 3. Mäerz gesinn. D’DP-Finanzministesch Yuriko Backes hat schonn hei op RTL ofgewénkt.
Eng Upassung vum Steierbarème wier den Ament net responsabel.