"COVID 19 an d'Enn vum Liewen", ënnert deem Titel huet Omega 90 um Dënschdeg Assisen organiséiert. Méi wéi 30 Vertrieder aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur, dorënner Medezinner, Fleegepersonal an awer och Leit aus der Zivilgesellschaft, hunn iwwert d’Impfungen an d'Isolementsmesuren diskutéiert.
No den Aarbechtsgruppen stoung eng Table Ronde mat der Gesondheets- a mat der Familljeministesch um Programm. Et goufen am Parkhotel zu Dummeldeng eng Rei Fuerderungen un d’Regierung ausgeschafft.
D’Acteuren aus dem Secteur wënsche sech zum Beispill, datt am Bezuch op den Isolement individuell Decisioune pro Persoun solle geholl ginn. Leit, déi negativ getest ginn, dierften och net isoléiert ginn an eeler Leit missten adequat iwwer Geforen a Risiken an awer och iwwer hir Rechter opgekläert ginn. Si missten och selwer kënnen Decisiounen huelen. Dernieft war et nach d’Fuerderung, dass Benevoller, déi bei stierweskrank Leit an d’Spideeler ginn, net als Visiteuren, mä als Deel vum Personal missten ugesi ginn.
Allgemeng gouf och nach emol drop higewisen, dass onheelbar krank Leit net dierften eleng stierwen. D'Haus Omega zu Hamm war dofir och iwwert déi ganz Zäit vun der Pandemie ëmmer fir Besuch op, Dag an Nuecht. Et goufen déi néideg sanitär Moossnamen ëmgesat, fir dass op d’mannst eng Persoun den Dag, aktuell sinn et der dräi, hir Léifsten, déi kuerz virum Dout stinn, am Haus Omega dierfte besichen.
