Där kommen der nämlech ëmmer méi op Lëtzebuerg. Vu Januar bis August waren et dëst Joer 132.
Déi éischt Wochen a Méint kommen déi onbegleete Kanner a Jugendlecher an de Primo Accueil fir Refugiéen, dee vum Office national de l’Accueil (ONA) geréiert gëtt. Hei géing awer net genuch op d’Besoine vun de jonke Refugiéeën agaange ginn, kritiséiert d’Caritas.
Dofir ass d’Fuerderung, datt déi onbegleete Mineuren an Zukunft vum Office national de l’Enfance (ONE) en Charge geholl ginn. “An da muss au cas par cas gekuckt ginn, wat am Interessi vum Jonken ass”, seet d’Carole Reckinger vun der Caritas. Dozou géing och gehéieren, datt si beim Rendezvous mat der Direction de l’Immigratioun en Affekot gestallt kréien an ee weideren Administrateur, wéi zum Beispill en Employée vun der Caritas. Sou kéint garantéiert ginn, dass d’Rechter vum Kand respektéiert ginn. Hei misst d’Perspektiv vun der Jugendhëllef an dem -schutz ageholl ginn an net déi vum Asylrecht.
Den Ament géingen eng 50 onbegleete Mineuren am Foyer St. Antoine op der Areler Strooss an der Stad liewen. Dëse gëtt vum ONA geréiert. Ma dës Mineure bräichten eigentlech en Encadrement ronderëm d’Auer, deen et net gëtt, betount d’Marie Josée Jacobs, Presidentin vun der Caritas. Doriwwer eraus misst och eng besser psychologesch Betreiung vun de jonke Leit, déi dacks vill matgemaach hunn, garantéiert sinn.
Op der Pressekonferenz en Dënschdeg huet d’Caritas och matgedeelt, dass virun enger Woch an hirem neie Foyer zu Léifreg 12 onbegleete Mineuren opgeholl goufen. An enger zweeter Phase kënnen hei am ganze 24 Kanner a Jugendlecher liewen. Am Caritas-Foyer zu Munzen goufen da sechs Jonker méi opgeholl a wunnen elo 18 Mineuren.
Ma domat géing et net duer goen. Et bräicht een nach méi adaptéiert Strukturen hei am Land. “Mir hunn e Problem, wat d’Infrastrukturen ugeet, dat si mer eis bewosst”, seet den Direkter vun der Caritas, de Marc Crochet. An ass domat op enger Linn mam Ombudsmann fir Kanner- a Jugendrechter, dem Charel Schmit. Am Rapport vum OKAJU waren déi schlecht Konditiounen an de Flüchtlingsheemer fir onbegleete Mineure kritiséiert ginn.