
Zu Déifferdeng hunn Onbekannter an der Nuecht op e Sonndeg an der Rue Emile Mark Géigestänn vum Daach vun engem Héichhaus, dat nach am Bau ass, op d’Strooss geheit. Blesséiert gouf dobäi allerdéngs keen, esou d’Police de Mëttwoch de Mëtteg.
D’Police sicht elo an deem Zesummenhang no Zeien. All Informatiounen zu dem Virfall si fir de Policebüro zu Déifferdeng ënnert der Nummer (+352) 244 53 1000 oder per Mail un Police.DIFFERDANGE@police.etat.lu.