
E Samschdeg den Owend hate kuerz virun 18 Auer zwee Onéierlecher probéiert, an engem Akafszenter um Kierchbierg ze klauen. Dat schreift d’Police e Sonndeg an hirem Bulletin. D’Sécherheetspersonal vum Akafszenter hätt dat awer kënne verhënneren. Déi zwee presuméiert Täter goufe vun der Police mat op de Büro geholl. Ee vun deenen zwee wier der Police scho bekannt gewiescht a wier no Récksprooch mam zoustännege Ministère am Centre de rétention placéiert ginn.
Da krut d’Police och zwee Onéierlecher zu Zolwer gemellt. Op der Plaz hunn d’Beamte festgestallt, datt déi zwee Männer e puer Fläschen Alkohol ënnert hirem Gezei verstoppt hunn. Op Uerder vum Parquet goufen d’Suen an d’Handye vun den zwou Persoune beschlagnaamt.
Alkoholiséierte Chauffer fiert verkéierte Wee duerch Rond-point
D’Police war e Sonndeg de Moie fréi géint 5 Auer zu Dikrech op eng Persoun opmierksam ginn, wéi se de falsche Wee duerch e Rond-point gefuer ass. D’Beamte sinn dem Chauffer nogefuer, dee schliisslech bei sech Doheem gestoppt huet. De Mann ass direkt an d’Haus verschwonnen an ass eréischt e puer Minutte méi spéit nees eraus komm. Duerno huet hien de Beamte géintiwwer gemengt, hie wier net gefuer an huet uginn, de Bäifuerer hätt d’Gefier gesteiert.
Wärend dem Asaz war och d’Mann vum Chauffer dobäi komm an huet d’Beamte beleidegt.
Bei der Iwwerpréiwung vun de Personalien huet sech erausgestallt, datt géint de Chauffer schonn e provisorescht Fuerverbuet virlouch. Um Kommissariat war dann och nach den Alkoholtest positiv. Eng Plainte gouf an d’Weeër geleet. Dat gëllt och fir de Bäifuerer, well hien de Chauffer ouni Fürerschäin an an alkoholiséiertem Zoustand fuere gelooss huet.