Generalversammlung vum SPALOngewëssheeten an der Arméi: Vu Rekrutement bis "illegal" Aarbechtszäiten

François Aulner
Kevin Kayser
D’Zaldote wéissten net, wat den neien Arméiminister François Bausch Wëlles huet, sou d’Arméigewerkschaft op hirer Generalversammlung zu Dikrech.
© François Aulner / RTL Radio Lëtzebuerg
Generalversammlung vun der Arméigewerkschaft
Aktuell ginn et zwee gréisser Chantieren an der Arméi, dat si Schwieregkeeten am Rekrutement an déi "illegal" Aarbechtszäiten.

Zanter de Wale gouf et just eng Entrevue mam grénge Minister. Do wier een näischt gewuer ginn, mä et hätt een d’Gefill, datt et eng „nei Dynamik“ gëtt, notamment wéinst dem neie Coordinateur vun der Defense, dem Gilles Feith.

De President vum SPAL huet deen als “Mann mat wéineg Gedold“ beschriwwen, deen am Milieu net besonnesch beléift wier a mat Offizéier en „éischter gutt Verhältnis“ hätt.

Chronesch Schwieregkeeten am Rekrutement

Et géing vill Ongewëssheete bei den Zaldote ginn an net just, wat d’Reform vum Arméisgesetz ugeet, un där zanter Jore geschafft gouf. Méi besuergt ass de SPAL iwwert d‘Iddi, d’Arméi fir Auslänner nach méi opzemaachen.

Dem President vun der Arméigewerkschaft no missten emol all d’Mëttele benotzt ginn, fir de Beruff erëm méi attraktiv ze maachen, iert een d’Arméi wieder opmécht.

D’Schwieregkeete beim Rekrutement wieren ënnert anerem dorobber zeréckzeféieren, datt d’Carrièresméiglechkeete méi schlecht gi wieren. Ënnert anerem doduercher, datt Zaldoten net méi d’Virrecht hunn, fir no hirem Déngscht Bréifdréier ze ginn.

„Illegal“ Aarbechtszäiten

Wat beim Rekrutement net hëlleft, ass och d’Fro vun de B-Carrièren, déi am Géigesaz zur Police an der Arméi, nach net adaptéiert goufen. Mam fréiere Minister Etienne Schneider wier een zwar virukomm, mä léiwer wéi d’Reform „iwwert de Knéi ze briechen“, wollt ee sech hei awer déi néideg Zäit loossen, fir Feeler ze vermeiden.

Ferm Kritik an en Appell séier ze handelen, gouf et och, wat d'Zäitspuerkonten ugeet. Well d’Zaldoten 9 Stonnen a 45 Minutte pro Dag géinge schaffen, wier een an der Illegalitéit. D’Arméigewerkschaft SPAL huet gewarnt: Déi Concernéiert riskéieren „en masse“ juristesch Prozeduren anzeleeden.

Generalversammlung SPAL / Reportage François Aulner

Plainte géint KPL-Politiker

Um Schluss vu senger Ried huet de Christian Schlech nach matgedeelt, datt de SPAL „rezent“ eng Plainte géint e KPL-Politiker gemaach huet. De Jean-Marie Jacoby hat nom déidlechen Tëschefall am Februar um Waldhaff op de soziale Reseaue geschriwwen: „Wann een net fréizäiteg stierwe wëll, gëtt een net Beruffszaldot“.

VIDEO: Extrait Christian Schlech
De SPAL huet géint de Jean-Marie Jacoby eng Plainte gemaach, nom trageschen Accident um Waldhaff.

Back to Top
CIM LOGO