Operatiounen u Geschlechtsorganer vu MannerjäregenOnnëtz Agrëffer solle verbuede ginn, Gesetzprojet net méi dës Legislaturperiod

RTL Lëtzebuerg
Dat preziséiert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Octavie Modert.

Et kënnt an dëser Legislaturperiod net méi zu engem Gesetzprojet, fir chirurgesch Agrëffer a medezinesch Operatiounen un de Geschlechtsorganer vu Mannerjäregen ze verbidden, bei deenen d’Geschlechtsmierkmoler net kloer weisen, ob et sech ëm e Mann oder eng Fra handelt. Dat preziséiert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Octavie Modert.

Et wier een interministeriellen Aarbechtsgrupp en place gesat ginn, deen am Fréijoer och eng Reunioun zesumme mat Experten aus dem Beräich hat. Jidderee wier do averstane gewiescht, dass oniwwerluechten an onnëtz Agrëffer solle verbuede ginn. Allerdéngs wier et schwéier ze definéieren, wat elo genee ënnert déi Agrëffer an Operatioune soll falen.

De malteesesche Modell géing e generellt Verbuet virgesinn awer och d’Schafung vun engem Gremium, fir “cas par cas” ze analyséieren, ob en Agrëff justifiéiert ass. Ob de Modell fir de Grand-Duché a Fro kéint kommen, misst allerdéngs eng nächst Regierung tranchéieren.

Back to Top
CIM LOGO