
Et besteet de Verdacht op Verstouss géint d’Konkurrenzrecht. Ëm wéi ee Verdacht et genee geet, gëtt net preziséiert.
D’Betriber, déi kontrolléiert goufen, stinn am Verdacht, géint d’Konkurrenzrecht verstouss ze hunn. Dat ass an engem Schreiwes vun der Konkurrenz-Autoritéit ze liesen. Et gëtt awer däitlech präziséiert, dass dës Kontroll an enger Apdikt net bedeit, dass d’Entreprise schëlleg ass. D’Kontrolle wieren eng éischt Etapp, ier dann eventuell eng Prozedur ka lancéiert ginn. Wéi ëmmer gëllt natierlech d’Présomption d’innocence.
Aus deem Grond deelt d’Autoritéit mat, dass keng weider Detailer iwwer d’Identitéit vun de Betriber public gemaach ginn, bei deene kontrolléiert gouf. Och iwwert déi viséiert Praktiken ass näischt gewuer ze ginn. Op Nofro krute mir gesot, dass och soss keng weider Prezisiounen zu de Kontrolle gemaach ginn an en Interview net méiglech ass.
Am Communiqué ass et awer nach d’Erklärung, dass mat der Publikatioun vun der Enquête och Entreprisen, déi net kontrolléiert goufen, doriwwer informéiert ginn. Doduerch soll de gläichen Accès zum sougenannte “Clémence-Programm” garantéiert ginn.
Wann nämlech ee Betrib bei enger Ofsprooch matgemaach huet an dat elo denoncéiert, profitéiert e vun dësem Programm. Dat bedeit, dass d’Strof ka reduzéiert ginn oder de Betrib esouguer eng komplett Immunitéit kéint kréien, wann e mat der Konkurrenz-Autoritéit kooperéiert.
De Syndikat vun den Apdikter huet decidéiert, d’Enquête net ze kommentéieren a wollt dowéinst och keen Interview ginn. D’Santésministesch war en Donneschdeg de Moien nach net fir eng Reaktioun disponibel. Vum Comptoir pharmaceutique luxembourgeois, e Grosist, dee sech och ëm d’Verdeelung vu Medikamenter hei am Land këmmert, huet et geheescht, dass all déi responsabel Persounen en Donneschdeg am Ausland sinn an och fir en Telefonsinterview net disponibel wieren.