
Zu Hoen an der Haaptstrooss hunn e Freideg am Nomëtteg e puer Abriecher no e puer Versich eng Fënster op der Terrass vun engem Haus opgebrach. D’Haus gouf duerno duerchwullt an et goufe Wäertgéigestänn geklaut.
Zu Esch um Boulevard Hubert Clement ass enger Nopesch opgefall, dass d’Entréesdier vun enger Wunneng am Appartementshaus opgebrach gi war. Och do war d’Wunneng duerchwullt ginn a méi wäertvoll Géigestänn agestach ginn. D’Bewunner ware fort an der Vakanz.