
Op der A7 krut d’Police géint 1.50 Auer e beschiedegt Gefier gemellt, dat negativ am Stroosseverkéier opgefall ass. De Won konnt kuerz dorop gestoppt ginn. De Chauffer, deen alkoholiséiert gewierkt huet, wollt keen Alkoholtest maachen a krut de Permis dowéinst ofgeholl.
De Fürerschäi wéinst Alkohol um Steier verluer hat och e Chauffer zu Keel an der Rue Altrescht.
Géint 4 Auer huet et um CR119 tëscht Eesebuer an dem Stafelter gerabbelt. Eng Persoun hat an enger Lénkskéier d’Kontroll iwwert hiert Gefier verluer an ass mat hirem Auto géint e Bam gerannt. De Chauffer gouf just liicht blesséiert. Well den Alkoholtest positiv war, gouf et e provisorescht Fuerverbuet.
E provisorescht Fuerverbuet gouf et dann nach fir een alkoholiséierte Chauffer am Val de Hamm, well en duerch Rout gefuer ass, a fir eng Persoun zu Esch/Uelzecht, déi am Zickzack ënnerwee war a vun der Police erwëscht gouf.