Politesch ReaktiounenOppositioun begréisst Exit-Strategie, mä et bleiwe vill oppe Froen

Annick Goerens
Pierre Jans
Den Exit wär wichteg, mä dobäi dierft d'Virsiicht natierlech net op der Streck bleiwen, besonnesch, wann een nach keen Impfstoff géint de Virus hätt.
Politesch Reaktiounen op Exit-Strategie
Oppositioun begréisst Exit-Strategie, mä et bleiwe vill oppe Froen.

An deem Sënn begréisst d'CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen dësen „Exit an Etappe" vun der Regierung.

Martine Hansen, CSV: „Wat awer och wichteg ass, dass mer eis Wirtschaft elo nees lues an lues relancéieren. An dofir ass et och gutt, dass ënnert anerem de Bau elo déi nächst Woch opgeet. Ech begréissen och, dass mer elo endlech eng kloer Ausso gemaach kritt hunn zu de Masken, respektiv zum Mondschutz, well dee jo och elo ab nächster Woch obligatoresch gëtt am ëffentlechen Transport an an de Supermarchéen. Wei et duerno an de Schoulen ausgesäit, doriwwer krute mer nach keng Informatiounen. Do musse mer eis bis muer de Moie gedëllegen, well mir hu jo nach muer de Moien Educatiounskommissioun, also do hu mer nach eng Partie Froen. Mir begréissen och, dass sektoriell méi Tester gemaach ginn, onofhängeg vun de Symptomer. Dat ass eng gutt Saach, well mir brauchen onbedéngt Daten, fir dass mer herno nach méi eng kloer Exit-Strategië kréien. Mir hunn awer nach eng Partie Froen, och zu den anere Betriber, wéini déi kënnen opmaachen, zum Horesca Secteur, wéini dass dee kann opmaachen, wéi gesot, do kruten mer keng Äntwerten."

Reaktioun vum Martine Hansen

Fir den Marc Baum wär et awer wichteg, besonnesch elo, z'ënnerscheeden tëscht de sanitäre Mesuren an de gesellschaftleche Komplikatiounen, déi doduerch elo entstinn.

Grouss Surfacë ginn op, kleng Betriber bleiwen zou

Marc Baum, déi Lénk: „Mir gesinn zum Beispill kritesch, dass d'Grondschoulen, de Fondamental, bis de 25. Mee sollen zoubleiwen. D'Regierung selwer seet, dass se zu 15% vun de Grondschüler kee Kontakt méi hunn. Mer wëssen och vun der Justizministesch, dass Denonciatiounen, wat d'Gewalt vu Kanner an der Famill ugeet, quasi op null gefall sinn, well esou Denonciatioune meeschtens aus der Schoul kommen. Dat heescht elo weider 5 Wochen, wou kleng Kanner doheem sinn, ouni Kontakt mat der Gesellschaft ze hunn, ass eng Situatioun déi zumindest net glécklech ass. Dat ass dat Eent. An dat Anert ass, mir begréissen, dass elo lues an lues een Deconfinement gemaach gëtt, dee ganz 'sachte' ass, deen och ganz iwwerluecht ass, just: et bleiwen awer verschidde Widderspréch, firwat verschidde Beräicher elo opgemaach ginn, wéi zum Beispill de Jardinage, Quincaillerien, dee Beräich, wou et awer gréisstendeels erëm grandes surfaces sinn, déi opmaachen, a kleng Betriber, déi den Ament am meeschten ënnert der Situatioun leiden, bleiwe weiderhin zou."

Reaktioun vum Marc Baum

Do hätt ee sech missen iwwerleeën, ob een net eng méi generell Ouverture hätt kéinte maachen, well déi beschten Hëllef wär natierlech déi, dass ee Betrib nees fonctionéiert. D'Sécherheetsreegele géingen och agehale ginn, beim Bäcker a beim Metzler, dës Mesurë kéint ee bäibehalen an et dann och anere Geschäfter méiglech maachen opzemaachen, sou nach den Deputéierte vun déi Lénk.

Et wären nach vill Kloerstellungen néideg, präziséiert och den Deputéierte vun der ADR, Fernand Kartheiser. Zum Beispill am soziale Beräich.

Fernand Kartheiser, ADR:„Wann elo zum Beispill gesot gëtt, vun engem Punkt X u kënnen erëm d'Geschäfter opmaachen oder d'Crèchë fänken un, dann ass ëmmer ze kucken, wéi ass d'Interaktioun zum Beispill beim Congé pour raisons familiales an dem Chômage partiel, well déi si jo net kumulativ. Wann een dat Eent net méi ka kréien, kann een dann dat Anert kréien. Dat muss een dann ofstëmmen an dat gëtt och nach eng ganz komplizéiert Saach."

Reaktioun vum Fernand Kartheiser

Och a puncto Tracing wär et wichteg opzepassen, dass een net elo an der Corona-Kris eppes méiglech mécht, wat duerno een totalitäre Charakter géing kréien. D'Privatsphär vun de Leit misst geschützt ginn, sou den Deputéierte vun der ADR.

Deputéiert vun der Majoritéit hu sech och zur Exit-Strategie geäussert

Och wéi et soll virugoe mat de Betriber am Horesca-Secteur ass net kloer, wéi den LSAP-Fraktiounspresident Georges Engel betount.

Georges Engel, LSAP:"Wéini déi elo drukommen, dat kann ech Iech net soen, mä dir schwätzt eppes un, wat eis och ganz um Häerz läit. Dat sinn och effektiv déi Leit mat ganz klenge Paien. An t'ass och kloer fir mech, an dat huet de Premier och gesot, dass déi Mesuren, déi bis elo geholl goufen, fir deene Leit ze hëllefen aus deenen Secteuren, dass déi dann och musse weidergefouert ginn. Dat kann net ee one-shot gewiescht sinn, dat kann net elo eng Mesure gewiescht sinn, fir eng Kéier, mä wann de ganzen Ausstig an Phasen och méi laang dauert, da mussen déi Leit och nach an de nächste Phasë gehollef kréien, soss geet et net."

Reaktion vum Georges Engel

Och déi grouss Froe ronderëm d'Droen an d'Verdeele vun de Maske gouf elo gekläert, wéi d'Deputéiert vun déi Gréng Djuna Bernard betount.

Djuna Bernard, déi Gréng: "A puncto Maske krute mer haut ganz kloer Wierder, dass de Staat och wäert Maske verdeelen un all Bierger. All Bierger soll e Kit kréien. De Staat och als Patron, d'Gemengen als Patron, wäerten hir Verantwortung iwwerhuelen an do wäerten d'Masken an den nächsten Deeg verdeelt ginn. Also do kënnt elo méi Kloerheet, ma déi Kloerheet ass novollzéibar, well se kënnt, well méi Masken entretemps och um Marché sinn. A mer net méi an der Situatioun waren, wéi nach virun enger Woch, wou mer knapp u Masken waren, a wou den Santés-Secteur Prioritéit hat, dat hunn mer och all verstanen."

Reaktioun vum Djuna Bernard

Weider Prezisioune wäerten et dann en Donneschdeg de Moien an der Educatiounskommissioun an an de nächsten Deeg ginn.

RTL-Artikel: Éischt Corona-Restriktioune gi gelockert. Mondschutz obligatoresch op Plazen, wou 2-Meter-Distanz net méiglech ass

Back to Top
CIM LOGO