
Nodeems de Wunnengsbauministère am Kontext vun der Corona-Kris eng Campagne a Saache subvention loyer lancéiert hat, sinn dëse Mount eng 150 Demanden dofir bäikomm. Dat krut d'Chamberkommissioun vum Logement matgedeelt. Deemno goufen am Abrëll ronn 3.600 där Dossieren traitéiert. Zousätzlech Depensen hu 50.000 Euro ausgemaach.
D'Oppositioun war no där Reunioun frou doriwwer, dass et keen enormen Zouwuess bei dësen Demandë gouf, woubäi dat awer nach kéint bevirstoen.
Grad dëser Deeg géif de Loyer nämlech ufalen, huet den David Wagner bemierkt a sech d'Fro gestallt, wéi d'Situatioun an engem Mount ausgesäit. Elo hätten d'Leit vläicht nach e Polster, fir de Loyer ze bezuelen, dee géif vläicht een oder zwee Méint duergoen, dann awer net méi. Fir den Deputéierte vun déi Lénk ginn d'Problemer nämlech iwwert d'Zäit vum Noutstand eraus:
Meng Angscht ass déi, dass nach méi Leit Problemer kréien! Meng Angscht ass awer och déi, dass schlussendlech vill Leit trotzdeem déi Aide net kréien, well se zwar a Schwieregkeete sinn, mä net de Krittären entspriechen, an dass, wa se se kréien, et net duergeet, fir wierklech aus dem Problem erauszekommen! An dat, wat eis och als déi Lénk net geet, wärend dëser Kris - also, et si vill Salariéen, déi mussen Opfer maachen asw., Chômage partiel, oder si mussen ënner schwéiere Konditioune schaffen. Déi meescht Proprietären, déi liewe gutt!“

Fir den David Wagner missten och d'Proprietäre Solidaritéit weisen, ier een dann un d'Héicht vun de Loyere goe sollt: Déi missten nämlech erofgoen, well soss, Zitat, „komme mer net eraus!“
De Marc Lies huet iwwerdeems op d'Wichtegkeet vun den Offices sociaux verwisen, well d'Leit sech vläicht do fir d'éischt géife renseignéiere goen. Dem CSV-Deputéierten no misst dofir d'Gesetz vun de Sozialbüroen iwwerschafft ginn:
„Dat huet elo méi wéi 10 Joer um Bockel. D'Situatioun huet sech an deene leschten 10 Joer awer extrem verännert, an dofir wär et fir eis wichteg, dass eng Collaboration étroite ënnert dem Familljeministère, deen effektiv dann d'Tutelle huet iwwert d'Offices sociaux, an awer och dem Logement géif erbäigefouert ginn. Well, ech mengen, déi Problematik ronderëm de Logement wäert sécherlech an deenen nächste Méint a Joren och ausserhalb vun dëser Kris net manner ginn.“
De Volet Logement sollt deemno méi an d'Aarbecht vun de Sozialbüroen agebonne ginn, sou de Marc Lies, fir deen et probabel ass, dass de Chiffer vun Demandë fir e Mietzuschuss weider unzitt.