Net konkrete genuch, näischt Innovatives an ouni Konzept, seet d'CSV. D'adr huet dann nach präziséiert, datt een och vermësst, datt de Problem vun de Leit, déi aus dem Privatsecteur an d'Fonction publique ginn, net mat ugepaakt huet.
Sou d'Reaktioun vun den Oppositiounsparteien CSV an adr, nodeems de Minister vun der fonction publique Marc Hansen der zoustänneger Chamberkommissioun seng Prioritéite presentéiert huet.
Dës si gutt Formatioun an gutt Aarbechtskonditiounen fir d'Beamte beim Staat. D'Leit sollen och op déi digital Welt virbereet ginn. Vun engem effikasse Staatsapparat géif nämlech jiddereen am Land profitéieren.