D'Ëmweltministesch war e Mëttwoch op Besuch bei den Deputéierten an huet do a groussen Zich erkläert, wat d'Regierung wëlles huet fir d'Äerderwiermung an de Grëff ze kréien. Et blouf awer bei de grousse Linnen. Dat war jiddefalls d'Kritik vun der Oppositioun.
30 Säiten am Regierungsprogramm sinn eleng fir Ëmwelt an Energie reservéiert. D'Deputéiert hunn op eenzele Punkten dierfen nofroen. D'Oppositioun war duerno enttäuscht. Beispill: d'Reduktioun vum Diesel-Gebrauch. De CSV-Deputéierten huet bedauert, dass et keng Äntwert op d'Fro gi wär, op d'Accisen um Sprit dëst Joer ëm 1, 2 oder 3 Cent de Liter an d’Luucht ginn?
D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet just confirméiert, dass dës Hausse mam Budget vun dësem Joer kéim, awer kee Chiffer genannt.
D'Bierger sollen also och an d'Responsabilitéit geholl ginn. Eng Noutwennegkeet – seet Bréissel.. soen d'Vereenten Natiounen, seet de Weltklimarot an och d'Oppositioun zu Lëtzebuerg.
Feeler wéi am Ausland wéilt a kéint een evitéieren. Méi héich Spritpräisser, mä dofir gratis ëffentlechen Transport. An en Dieselverbuet wéi a verschiddenen däitsche Stied – Berlin, Stuttgart? Elo emol net, esou d'Carole Dieschbourg. Fir d'éischt misst een all aner méiglech Mesurë geholl ginn. D'Basis fir dem Klimawandel entgéint ze wierke wär do.. de Wëlle souwisou, seet de Carole Dieschbourg. Elo muss konkretiséiert ginn.