
Dat war d'Fuerderung vum Vertrieder vum Parquet, um Stater Geriicht an enger Affär vun ënnert anert Fälschung.
3 Optiker war virgehäit ginn, am Zäitraum vun 2004 bis 2010 Clienten deier Brëlleglieser bestallt a bezuele gelooss ze hunn; am Endeffekt kruten d'Leit awer méi bëlleger, woubäi d'Beschëllegt d’Differenz an d’Täsch gestach hätten. De Vertrieder vum Parquet huet gëschter vun enger Affär mat enger gréisserer Envergure geschwat.
Et misst ee vu ronn 2.100 falsche Rechnungen a Garantiecertificaten, respektiv zirka genee souvill getäuschte Clienten ausgoen, hat et um Ufank vum Requisitoire geheescht. D'Ugekloten hätten d'Zil gehat, sech ze beräicheren, Ugekloten, déi Qualitéit liwwere sollten, wat awer duerch eng Manipulatioun net geschitt wär.
2004 wär eng 1. Firma gegrënnt ginn, vum Haaptugekloten zesumme mat engem aneren Optiker. 2007 wär den Haaptugekloten dunn zum eenzege Gerant ginn, ier 2008 déi aner zwee Beschëllegt bäikoumen, wouropshin eng Rëtsch Filiale gegrënnt goufen.
De Vertrieder vum Parquet huet drun erënnert, dass alles mat der Plainte - wéinst Bedruch - vun enger Fra ugefaangen hat; déi hätt dono, Zitat, «ausgepaakt», dass eng Zort Brëlleglieser bestallt, ma eng aner, mannerwäerteg, geliwwert gouf. Dës illegal Praxis wär och bei Verhéier erauskomm, sou de Vertrieder vum Parquet, wouropshin de President vum Geriicht awer bedauert huet, dass keng Expertise am Dossier ass, a sech gefrot huet, firwat keen eenzege Client gehéiert gouf. «Dat hätt kënne Prezisioune bréngen, ma et ass net am Dossier!», huet de Vertrieder vum Parquet geäntwert.
Fir dee v.a. d'Infraktioune vu Fälschung a Bedruch zréckzebehale wären, woubäi d'Täuschung den Dossier méi schlëmm géif maachen, well hei e Fachmann de Laien ouni Skrupele beduckst hätt. Den Haaptugekloten hätt zwar am Verlaf vum Prozess dovu geschwat, e Feeler gemaach ze hunn, awer och dovun, keng Absicht gehat ze hunn, fir ze beducksen: Dobäi hätt hien dat systematesch gemaach, sou wéi ee moies Kaffi drénkt. Hie sollt dofir déi héchste Strof kréien an déi zwee aner Beschëllegt eng manner héich, respektiv guer keng.
D'Uerteel gëtt den 28. Februar gesprach.