
An der Route de Longwy zu Péiteng hat eng Fra matkritt, wéi géint 4.30 Auer um Donneschdeg eng Fënster ageschloe gouf an huet d'Police alarméiert. Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, hu si e Mann entdeckt, deen an der Wirtschaft souz an däitlech ze vill gedronk hat. Den Abriecher huet awer kee Widderstand geleescht a gouf vun de Polizisten mat op de Policebüro geholl. Nom Auto vum Mann gouf och gesicht an dee konnt an der Rue Batty Weber sécher gestallt ginn, de Capot vum Gefier war nach waarm.
De Parquet huet de Mann wéinst Abroch protokolléiere gelooss. Wéi sech dunn och nach erausgestallt huet, datt hien e Fuerverbuet hat, koum déi Strof och nach dobäi. Den Auto wéi och déi geklaute Géigestänn goufe saiséiert.
Um Cents konnt d'Police e Mëttwoch kuerz viru 17 Auer e Mann inflagranti erwëschen, deen an en Haus agebrach ass. Den Onéierlechen ass fortgelaf, mat méi Patrulle gouf no him gesicht. En Zeie konnt de Polizisten dunn e verdächtegen Auto beschreiwen an dat Gefier konnt kuerz drop op der A3 a Richtung Frankräich gestoppt ginn.
De Parquet huet de Mann verhaften an den Auto, dat méiglecht Abrochsgeschier an enger gréisser Zomm Sue saiséiere gelooss.