Mir hunn nogefrot a krute Videoe vu Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, erageschéckt. Wéi ass d'Situatioun an hirer Stad? Wéi fillt sech den Alldag bei hinnen un? Temoignagen aus allen Ecker vun der Welt.
Opruff: Sidd Dir am Ausland a wëllt eis matdeelen, wéi d'Situatioun bei Iech ass? Da schéckt eng Email op magazin@rtl.lu
D’Marie Gaspar schafft zënter 3 Joer als franséisch Proff zu Auckland. Am éischten Deel vun der Serie iwwert d’Lëtzebuerger an Neiséiland waren d’Mesuren nach net esou streng, mä elo steet d’Land ënnert Quarantän.
"De Gouvernement hei erkläert de Leit, dass se sollen an hirer „Bubble“ bleiwen, dat heescht an hirer eegener Bull souzesoen. An dass se net sollen a Kontakt komme mat Leit aus anere „Bubbles“.
D’Pauline Weis ass zënter Februar an der Stad Vila do Maio um Cap Vert, wou hatt e Volontariat mécht. Zënter 4 Joer schreift hatt a sengem Blog "Paulina on the road" och iwwert nohalteg Reesen a wëll de Leit op der ganzer Welt elo och esou de Cap Vert méi no bréngen.
"Da wëll ech och gär de Message lassginn, fir wann dann eng Kéier dës Zäit soll eriwwer sinn, falls dann déi éischt Vakanzen erëm geplangt ginn, dass der de Cap Vert net vergiesst, well et ass e wonner wonnerschéint Land wat immens vill ze bidden huet."
Philippinnen
De Luc Houdremont wunnt zënter 2 Joer op der philippinnescher Insel Palawan an der Stad Puerto Princesa.
"Wat mer trotzdeem elo bësse Suergen hei am Land mécht, oder op dëser Insel besser gesot, ass dass et emol zu Enkpäss kéint komme mat Liewensmëttel, déi all per Schëff geliwwert ginn. Bis elo hate mer zwar nach keng Problemer zum Gléck."
Südkorea
D’Liv Krier studéiert eigentlech zu Preston a Groussbritannien, ma ass grad fir säin Auslandsjoer op der Uni zu Seoul.
"Zum Thema, wéi d’Leit mat der ganzer Situatioun ëmginn, kann ech eigentlech nëmme vu positive Saachen erzielen. Also ech gesi keng Hamstereinkäufe. Ech erliewen och kee Rassismus, well theoretesch kéint ech jo lo als knaschtegen Europäer ugesi ginn. Dat ass awer och nach net geschitt."

LINK: Lëtzebuerger am Ausland Deel 3
LINK: Lëtzebuerger am Ausland Deel 1+2