Pro Stot ass de Budget ëm 39% geklommen, fir Produiten "Made in Luxembourg" ze kafen, wat nees en Impakt op déi spezialiséiert Epicerien, respektiv op eis Baueren ewéi och op d’Produzente vun deene Produiten hat.
D'Auswiel vun de Produiten an de Regaler vun der Epicerie vum Veronica a vum Pitt ass grouss. D'Produiten hunn awer alleguerten eng Saach gemeinsam, se sinn all "Made in Luxembourg". Dës jonk Entrepreneur-Koppel huet an der Stad an hirem Buttek en neit Konzept domadder an d’Liewe geruff. Zanter November 2019 bidde si hire Clienten nëmmen dat Bescht, wat de Grand-Duché ze bidden huet. Sief et Alkohol, Seefen, Käerzen, Gebeess oder Kichelcher. D'Produiten an d’Fournisseure goufen eenzel vun der Koppel aus eisem Ländchen erausgesicht an dat mat Succès, bannent 2 Joer hunn déi 2 hir Fournisseuren an hir Salariéë verduebelt an dëst wéinst hirem Konzept, andeems se eis Lëtzebuerger Qualitéit vun eisem Produit du terroir valoriséieren.
D'Pandemie huet dësen Interessi un de Made-in-Luxembourg-Produite verstäerkt. Enger Lëtzebuerger Etüd no consomméieren 88% vun de Lëtzebuerger reegelméisseg lokal Produiten aus nohaltegem Ubau. Mat de Grenzen, déi zou waren, ass et engem och ekologesch bewosst ginn, dass dëst der Ëmwelt guttgedoen huet an domat hunn och d'Gewunnechte vun de Leit geännert. De "Made in Luxembourg" krut esou eng Plaz an de Supermarchéen an den Epicerien. E Konzept, dat och Auslänner ulackelt, déi hei wunnen, schaffen oder eis besiche kommen. Eis Lëtzebuerger Produite fannen esou de Wee an d’Ausland an an eis eege Kichen.
D’Hierkonft vun de Produiten ass fir 65% vun de Lëtzebuerger Foyere prioritär. An 8 vun 10 Verbraucher hu sech dofir entscheet, fir déi lokal Produzenten z'ënnerstëtzen. Dës nei Gewunnechten an d'Produktioun vu lokale Produiten huet en Impakt op déi landwirtschaftlech Ekonomie, esou ewéi och am Naturpark Uewersauer am Nordweste vun eisem Land. Hei wiisst op engem hallwen Hektar Lëtzebuerger Peffermënz. Eng aromatesch ganz beléifte Planz bei de Verbraucher an och déi meescht verkaafte vun der Kraidergenosseschaft, presidéiert vum Charles Marx. Dës aromatesch Kraider ginn a Form vun Téi "Made in Luxembourg" verkaaft fir d’Mark "Téi vum Séi". Eng Zesummenaarbecht, déi Sënn mécht fir d’Associatioun vun de Baueren. Andeems se an hirer noer Ëmgéigend hir Produiten ubauen, wëllen eis Baueren hirer Landwirtschaft en neit Liewe ginn an och eng nohalteg besser Qualitéit vu Produite verkafen. Zu Uewersauer am Naturpark hu se eng 12 lokal Planzen ugebaut, esou ewéi de Fenschel, hiren Top-Produit, esou ewéi Kamillebléi a Peffermënz.
93% vun de Lëtzebuerger sinn der Meenung, dass déi lokal Produiten eng gutt Qualitéit opweisen, wat de Charles Marx nees weider motivéiert.
Fir d’Planzen, déi beim Charles Marx an der Kraidergenosseschaft am Naturpark Uewersauer wuessen, geet et dono an d’Atelieren op Schleif. Hei gi se gedréchent, deels gesifft an da geschnidden, fir a Form vun Téi "Made in Luxembourg" verkaf ze ginn. All Joers ginn 8 Tonnen Téi un den Horeca, iwwer Internet awer och am Circuit vun der grousser Distributioun op Lëtzebuerg an an d’Belsch verkaf.
De Verkaf ass duerch d’Pandemie an d’Luucht gaangen, eleng zu Lëtzebuerg goung an de Foyeren de Budget, fir "Made in Luxembourg"-Produiten ze kafen, 40% an d’Luucht. 4 vun 10 Leit hunn hir Iessgewunnechte geännert, andeems se léiwer Produiten aus Lëtzebuerg hunn. Dëst hat en Impakt op d’Produktioun vum Téi vum Séi. Dës Maschinn leeft 5 Deeg an der Woch a produzéiert 1.000 Päck Téi pro Dag. Am Supermarché kann ee se fir 3,85 Euro kafen. Mam Succès vun dëse Produite wärend der Pandemie hat kee gerechent. De Coronavirus huet de Verkaf an d’Luucht gedriwwen, iwwer Internet esou ewéi an de Supermarchéen .
Zanter der Kreatioun 1984 vum Label "Made in Luxembourg" vum Ministère des Affaires étrangères, der Chambre des métiers an der Chambre de Commerce dierfe 1.400 Entreprisen de Logo op hir Produiten drécken, andeems ee kloer d’Hierkonft erkennt. Dëst ass de Fall bei eisem Mineralwaasser Rosport a Viva, déi sech domadder kloer vun hiren auslännesche Konkurrenten an eisen Rayonen an de Supermarchéen, op de Kantinnsdëscher, an der Schoul oder an eise Caféen a Restauranten ënnerscheeden.
Ob et fir Waasser, Séissegkeeten, Kéis oder Lëtzebuerger Hunneg ass, bei eis am Land ginn déi meescht an d'Butteker an an d’Supermarchéen an hirer Géigend, esou no ewéi méiglech, esou ewéi beim Veronica an dem Pitt. Zanter der Pandemie ass de Verkaf esou an d’Luucht gaangen, dass se elo en zweete Buttek, eng Epicerie- Traiteur opgemaach hunn, fir weider Lëtzebuerger Produiten ze valoriséieren.
D’Léift zu de lokale Produiten ass ee vun deene wéinege positiven Nieweneffekter vun der sanitärer Kris. Eng Entwécklung, déi de Pitt, d’Veronica, eis Baueren an eis Entrepreneuren, déi eis national Produite verkafen, weiderhi motivéieren an encouragéieren. Et sinn déi Leit, déi op hir Aart a Weis d’Ekonomie verdeedegen, de Knowhow an de Goût vu Lëtzebuerg.