Sequestratioun vun Ex-FraParquet freet 3 Joer Prisong mat Sursis probatoire

RTL Lëtzebuerg
E Mann vu 50 Joer huet sech ënnert anerem misse wéinst Sequestratioun um Stater Geriicht veräntweren.
© AFP (Archiv)

3 Joer Prisong mat Sursis probatoire: Déi Strof huet de Vertrieder vum Parquet en Dënschdeg de Moien um Stater Geriicht um Enn vum Prozess géint e Mann vu 50 Joer gefuerdert. Dee war u sech wéinst ënnert anerem Sequestratioun vu senger Ex-Fra ugeklot.

D'Bestietnis mat der 50 Joer aler Fra war an d'Bréch gaangen an d'Situatioun ëmmer méi eskaléiert. Et gouf dem Mann virgehäit, d'Fra tëscht Summer 2015 a Fréijoer 2017 zu Schëffleng ënnert anerem sequestréiert a versicht ze hunn, si ze vergewaltegen. D'Infraktioune wären awer net all zréckzebehalen.

Prozess wéinst Sequestratioun / Reportage Eric Ewald

Eng Sequestratioun hätt beim Haaptfait am Januar 2016 net virgeleeën, huet de Parquetier erkläert, am Géigesaz zu ënnert anerem dem versichte Viol. Eng richteg Vergewaltegung zu engem aneren Zäitpunkt stéing iwwerdeems a Menacë géint d'Fra dogéint ausser Fro. De jalouse Mann hätt hir Trennung net verquësst. Hien hätt sech zwar elo eng Zäitche roueg verhalen, ma wéinst der Gravitéit vun de Faite sollt eben eng Prisongsstrof gesprach gi mat den Oploen, fir sech behandelen ze loossen a vun der Fra ewech ze bleiwen, sou de Vertrieder vum Parquet. Wouropshin de Beschëllegte sot, net d'Fra wär d'Affer an dëser Affär, mä hien.

Um Ufank vun der Sëtzung hat de Mann deklaréiert, dass hien der Fra eng Kéier nogefuer wär, well hien hätt wëlle mat hir schwätzen, ma si hätt net gewollt. Du wär hien hir genee sou zoufälleg begéint, wéi eng aner Kéier, wéi hien hiren Auto op engem Parking gesinn hätt. Hien hätt awer net gewosst, dass si am Won wär. D'Presidentin vum Geriicht huet dem Mann dat net ofkaaft a vun „e bëssen ze vill Zoufäll“ geschwat. Donieft huet d'Ex-Fra aner Aussoe vum Mann bestridden, wéi zum Beispill dass hien no senger Expulsioun aus der Wunneng nach emol bei hir gewunnt hätt.

Nodeems d'Me Catia Oliveira als Affekotin vun der Fra bal 33.000 € Schuedenersatz gefrot hat, huet de Me Pietropaolo, Affekot vum Ugekloten gemengt zum Fait am Januar 2016 géif et ënnerschiddlech Zeienaussoe ginn. De versichte Viol wär „energesch kontestéiert“ an d'Fra hätt och keng entspriechend Blessurë gehat. Eenzel Derapagë wären net bestridden, ma d'Situatioun hätt sech berouegt, soudass eng Strof mat largem Sursis sollt gesprach ginn. Op dee Wee ass de Vertrieder vum Parquet du jo matgaangen.

D'Urteel ass fir den 2. Juli.

Back to Top
CIM LOGO