PolicePartie Permisen agezunn e Méindeg den Owend an an der Nuecht op en Dënschdeg

RTL Lëtzebuerg
An der Stad, zu Gilsdref an tëscht Habscht an Äischen waren 3 Automobilisten ënnerwee, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten.
© Police Archivbild

Géint 21.45 Auer e Méindeg den Owend krut ee Chauffer um Boulevard d'Avranches an der Stad de Fürerschäin wéinst iwwerméissegem Alkoholkonsum ewechgeholl. Säi Gefier war zanter Januar 2020 och net uerdentlech ugemellt. Et gouf protokolléiert.

Géint 3.20 Auer koum et dann zu 2 weidere Virfäll, wéi d'Police schreift.

Tëscht Habscht an Äischen ass een Automobilist mat sengem Won vun der Fuerbunn ofkomm, krut ee Bam ze paken an ass duerno am Feld gelant. Zum Gléck gouf hien dobäi net verwonnt. D'Police huet spéider festgestallt, dass de Mann gedronk hat a well de Alkoholtest positiv war, krut hien de Permis ofgeholl an e provisoresche Fuerverbuet amplaz.

Ëm däi selwecht Zäit ass enger Patrull zu Gilsdref e Chauffer wéinst sengem verdächtege Fuerstil opgefall. Bei der Kontroll an Alkoholtest hunn d'Beamte festgestallt, dass den erlaabten Héchstwäert ëm dat Duebelt iwwerschratt gi war. Deemno war de Permis fort an e provisoresche Fuerverbuet gouf ausgeschwat.

Back to Top
CIM LOGO