Mat Lëtzebuerger Äppel, Cremant a WäinD'Landwirtschaft ass an déi nei Saison gestart

Dany Rasqué
"Mir bréngen zesumme wat zesumme passt!" Ënnert deem Motto stoung en Donneschdeg déi zweet Editioun vum Season Opening vun der Landwirtschaft.

Am Cercle (Cité) an der Stad hunn d’Baueren, d’Wënzer an d’Gäertner gewisen, datt si un engem Strang zéie fir d’Landwirtschaft mat all hire Facetten no vir ze bréngen. Si hunn awer och gewisen, datt si sech net alles bidde loossen. Zum Beispill Kritik un hire Produiten.

Déi meescht dierfte sech nach drun erënneren, wéi et Enn Januar op eemol geheescht huet, et soll een d’Fanger vum Lëtzebuerger Apel loossen. Dee war dofir de Star wéi elo déi nei Saison agelaut gouf. Den Apel, mä och de Lëtzebuerger Cremant an de Wäin, deen d’Wënzer als e Stéck Patrimoine promovéiert hunn, dat een a Moosse genéisse soll, esou de Jean-Claude Müller, de President vum Uebstbauveräin.

“Sauer huet eis all d’Aktioun vum Santésministère erop gestouss, wéi se den Dry January proklaméiert hunn. Den Alkohol iwwerdriwwe consomméiert, ass definitiv schiedlech, mä d’Prohibitioun huet scho virun 100 Joer just de Contraire bewierkt. Besser wier Educatioun andeems een op d’Risike vun iwwerdriwwenem Konsum hiweist.”

Apropos Educatioun, och wann de Kontext en aneren ass. D’Lëtzebuerger Landwirtschaft ass net zefridde mat dem Choix vun de Produiten an de Schoulkantinnen.

“Am Cahier des charges vu Restopolis gouf festgehalen, dass een als éischt lokal a Bio kafe muss. Dat ënnerstëtze mir, mee duerno kritt all anert Bioprodukt vun all over the world de Virzog virun eiser lokaler nationaler Wuer. An dëst net nëmmen am Uebst a Geméis. De Lëtzebuerger Poulet konnt net u Restopolis geliwwert ginn, well d’Schippelcher an der Belsch aus dem Ee geschlüpft sinn. Duerfir goufen du Belsch Poulete geliwwert.”

Et wier grotesk, datt d’Regierung op där enger Säit d’Landwirtschaft fërdert an op där anerer Säit den Import vu Wueren aus dem Ausland subventionéiert, déi et och hei am Land gëtt.
Fir datt d’Lëtzebuerger Landwirtschaft dréint, géifen ëmmer méi Mataarbechter gesicht, héichspezialiséierter, mä och onqualifizéierter. Bei den Diskussiounen iwwert eng Hausse vum Mindestloun géife munch Gäertner, Wënzer a Baueren d’Schudderen äiskal de Réck eroflafen. Et géif ee riskéieren, datt Lëtzebuerger Produiten duerch d’Niewekäschten op eemol net méi ze bezuele wieren.

“Duerfir ass et fir eis e kloren Nee zu weider Erhéijungen a Manipulatioune vum Mindestloun. Wichteg wier et de Logementsproblem als Éischt hei am Land ze léisen, amplaz permanent un der Schrauf vum Loun ze dréien an domadder d’Ekonomie carrement ofzewiergen.”

Et ware vill Regierungsmemberen an Deputéiert am Cercle Cité an hunn d’Messagen héieren. De Premier Luc Frieden huet verséchert, datt d’Regierung hannert der Landwirtschaft steet an och d’Ressortministesch, d’Martine Hansen huet däitlech Wierder fonnt:

“Mir hu gesond Liewensmëttel hei zu Lëtzebuerg. An déi produzéieren eis Baueren, eis Gäertner an eis Wënzer. An ech fannen et wierklech schro, dass duerch déi negativ Press vun deem Apel de Konsum zumindest den éischte Weekend - ech weess net wéi et sech elo entwéckelt huet - staark gefall ass.”

D’Ministesch fir Landwirtschaft, Wäibau an Ernierung hat awer och ee Chiffer dobäi, dee ganz positiv stëmmt. Dëst Joer léiche 15 Demanden do, fir e Betrib opzemaachen an dat wier en neie Rekord.

D’Landwirtschaft ass an déi nei Saison gestart / Reportage: Dany Rasqué

Back to Top
CIM LOGO