Uni.lu-Professer iwwer Iran-Krich"Ganz éierlech, ech sinn net sécher, wéi dat do op en Enn geet"

Jeannot Ries
De Professer fir politesch Wëssenschaften op der Uni Lëtzebuerg Josip Glaurdic geet am RTL-Interview op d'Eskalatioun an der Regioun vum persesche Golf an.
Uni-Professer iwwer Iran-Krich
“Ganz éierlech, ech sinn net sécher, wéi dat do op en Enn geet”

Ass e Regimm-Wiessel am Iran realistesch?

Iwwerdeems den amerikanesche Krichsminister Pete Hegseth es net midd gëtt, vun impressionante Resultater ze schwätzen. Vun éischten Attacken, déi duebel sou intensiv ware wéi déi am Irak-Krich 2003. De Josip Glaurdic wërft d’Fro op, ob d’USA verglach mam Venezuela net d’Widderstandsfäegkeet vum iranesche Regime ënnerschat hunn?

'' Ech si skeptesch, wat en direkt méiglechen Erfolleg vun den US-amerikaneschen an israeeleschen Truppen ubelaangt, hir Ziler z’erreechen. Sief et e komplette Regimmwiessel oder just e Wiessel vun der ieweschter Féierungs-Spëtzt. Also fir ganz éierlech ze sinn, ech sinn net sécher, wéi dat do op en Enn geet. Et ass ganz schwéier anzeschätzen, wat an nächster Zukunft geschéie wäert. ''

De Professer fir politesch Wëssenschafte geet dervun aus, datt d’Trump-Administratioun net un engem komplette Regimmwiessel am Iran intresséiert ass. Souguer no där extreem bluddeger Repressioun vun de Protester am Januar.

''Ech mengen, datt si un engem Deal interesséiert sinn, am Fall wou den iranesche Regime sech es eens gëtt an eng Form vun Deal ofschléisst. Wéi dësen Deal ausgesi kéint, ass éierlech gesot d’Fro, déi jidderee sech stellt. Et ass ze hoffen, datt iergend en Deal ofgeschloss ka ginn, well soubal d’Krichsmaschinerie e gewëssenen Niveau erreecht, ass et ganz schwéier zréck ze rudderen. ''

Besonnesch wann een d’Motivatioune vun der israeelescher Regierung vum Benjamin Netanyahu kenne géif. Déi hätt d’USA an déi aktuell Situatioun gedréckt.

Eng Approche, déi grad esou gutt géint de Wëlle vum iranesche Vollek geet, wéi et och schonn de Fall am Venezuela war. Mat am Iran, enger komplexer, ethnesch villfälteger Gesellschaft. Wou de Regime et iwwer Joerzéngte fäerdegbruecht hätt, d’Oppositioun sou z’ënnerdrécken, dat et kee Leader géif, deen ervirstécht.

''Wéi och ëmmer, muss ee sech froen, a wéi engem Mooss eng kohärent Kraaft bannent der Oppositioun existéiert, déi tatsächlech eng liewensfäeg Alternativ ka presentéieren a schlussendlech de Regime stierze kann. Virop och mat Bléck op d’Ongläichgewiicht a punkto Muecht a Stäerkt, tëscht dem iranesche Regime an dem Vollek.”

De Josip Glaurdic erënner drun, mat wat fir engem komplexe Land mer et ze dinn hunn. 1,6 Millioune Kilometer Carré, gutt zwee an en hallef Mol sou grouss wéi d’Ukrain. 90 Milliounen Awunner. Wirtschaftlech an der Kris, ugeschloen an awer den drëttgréisste Pëtrols-Exportateur vun der OPEC.

Back to Top
CIM LOGO