PolicePassant gëtt bei Accident tëscht 2 Autoen ageklemmt a schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Och e Vëlosfuerer gouf bei engem Accident uerg blesséiert.

Am lokale gouf et e Mëttwoch den Owend géint hallwer 7 en Accident mat engem Vëlosfuerer zu Esch. Eng Fra hat, nodeems se hiren Auto geparkt hat, net beim Erausklammen opgepasst. De Vëlosfuerer krut d'Autosdier vun der Madamm ze packen a gouf schwéier blesséiert an d'Spidol transportéiert.

Bal zäitgläich koum et zu Munneref an der Ellenger Strooss zu engem Accident bei deem e Passant schwéier blesséiert gouf.

De Chauffer vum accidentéiert Auto hat duerch den Opprall, den Auto virun him an een aneren Auto geschleidert. De Passant gouf tëscht den Autoen ageklemmt a gouf schwéier blesséiert an d'Spidol bruecht.

De Chauffer vum Auto hat ze vill Gedronk. De Führerschäi gouf och agezunn.

Am Kader vun engem Accident e Mëttwoch Mëtteg sicht d'Police vun Iechternach nach no Zéien.

E Mëttwoch de Mette géint hallwer 3 gouf eng Passantin um CR135 an der Entrée vu Giwenech vun engem Auto gesträift. D'Fra ass gefall an gouf liicht blesséiert. Den Auto huet sech awer direkt aus dem Stepps gemaacht.

Back to Top
CIM LOGO