Invité vun der Redaktioun (21. Mäerz)Paul-Henri Meyers geet net méi mat an d'Walen

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moien war den nach CSV-Deputéierte Paul-Henri Meyers.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Paul-Henri Meyers
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Et muss een heiansdo Choixen treffen a mat 81 Joer géing ee mierken, datt villes méi lues geet. Dat sot den CSV-Deputéierte Paul-Henri-Meyers am RTL-Interview. Et war meng fräi Entscheedung a scho méi laang gouf et de Gedanke fir d'Deputéiertemandat un den Nol ze hänken, esou den CSV-Politiker, dee jo lo awer net méi mat an d'Wale geet.

De Paul-Henri Meyers (Extrait 1)

RTL NEWS: Paul-Henri Meyers wëll op nächst Kandidatur verzichtenDéi grouss Spezialitéit vum geléierte Jurist ass d'Verfassung, de laangjärege President vun der zoustänneger Chamberkommissioun ass jo ee vun den Haaptacteure bei der Reform. Wat den Datum fir de Referendum ugeet, kann de Paul-Henri Meyers sech net mat der Iddi ufrënnen, fir dësen tëscht de Chamber- an den Europawalen ofzehalen.

De Paul-Henri Meyers (Extrait 2)

Well no- a viru Walen gëtt et zäitlech ganz knapp, an der Tëschenzäit misst d'Chamber jo och d'Verfassung stëmmen, Prozedure missten agehale ginn an de Referendum géing jo och eng gewëssen Preparatiounsaarbecht erfuerderen. De Paul-Henri Meyers gleeft net, datt dat zäitlech ka raus goen.

Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moien war den nach CSV-Deputéierte Paul-Henri Meyers.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO