De Problem ass, datt d'Spideeler hir Parkinge selwer musse finanzéieren oder së un drëtt Acteuren outsourcen.
Dat seet de Paul Junck, President vun der Spidools-Federatioun de Moien am RTL-Interview.
Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moie war de Paul Junck, President vun der Fédération des Hôpitaux.
Elo géif emol en état des lieux gemaach gi, fir ze kucken, ob a wéi ka reagéiert ginn, eng Uniformiséierung - wéi se vun der Politik gefuerdert gëtt - wier awer net méiglech. Eng extrem Léisung kéint sinn, datt d'ëffentlech Hand dës Parkinge finanzéiert, déi Fuerderung stellt d'FHL awer bis ewell net.
Bei den Urgencë feelt Personal, et krut een zwar elo provisoresch zousätzlech Moyenen, ma déi ginn net duer, esou de Paul Junck.
D'Ëmsetzung vum Spidolsplang leeft. Elo misst gekuckt gi, wéi déi Kompetenzreseauen an der Praxis kënnen opgebaut ginn. D'Initiative soll hei vun de Klinike selwer kommen, déi Projeten era reechen.
