Aus dem CGDIS BulletinPersoun blesséiert no Kollisioun tëscht Auto a Moto

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt dräi kleng Bränn an zwee Accidenter, bei deenen insgesamt eng Persoun blesséiert gouf.
© Laurent Weber

Um 20:14 Auer e Samschdeg sinn zu Lampech an der Rue Centrale en Auto an e Moto anenee gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert, op der Plaz waren d'CGDIS-Ekippe vu Monnerech an Esch.

Zu Rolleng ass um 1:29 Auer e Sonndeg en Automobilist an e geparkten Auto gerannt, dat an der Rue de Luxembourg. Blesséiert gouf heibäi keen, ma d'Ekippe vu Miersch an aus der Nordstad goufen trotzdeem op d'Plaz geruff.

Zu Bäreldeng, Eech an zu Waasserbëlleg goufen et um Samschdeg dann och nach kleng Bränn, allerdéngs gouf hei keng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO