Reserve ginn ze séier ofgebautFinanzinstitutioune warne viru Pëtrol-Enkpäss am Summer

RTL mat AFP
D'Gefor vu Pëtrol-Enkpäss am Summer klëmmt weider iwwerdeems den Internationale Wärungsfong, d'Weltbank an d'International Energieagence virun dem séieren Opbrauche vu weltwäite Reserve gewarnt hunn.
Vertrieder vun de Finanzinstitutioune sinn der Meenung, dass ouni eng séier Normaliséierung am Iran-Krich Gefore fir d'ganz Weltwirtschaft kéinte bestoen.
© PATRICK PLEUL/dpa Picture-Alliance via AFP

Den Internationale Wärungsfong, d'Weltbank an d'International Energieagence warne viru Pëtrol-Enkpäss am Summer. De Moment géingen déi weltwäit Reserve mat enger Vitess ofgebaut ginn, wéi et se nach ni gouf, dat wéinst den Ausfäll vu Liwwerungen duerch d'Strooss vun Hormus, sou d'Organisatiounen.

Vertrieder sinn e Freideg zu Washington zesumme komm an hu weider gewarnt, dass ouni eng séier Normaliséierung vun den Transporter duerch déi wichteg Mieresstrooss Gefore fir d'ganz Weltwirtschaft kéinte bestoen.

D'USA féieren iwwerdeems weider Gespréicher mam Iran, fir eventuell op e provisorescht Ofkommes hin ze schaffen. Amerikaneschen Aussoen no géif dëst virgesinn, datt d'Strooss vun Hormus nees opgemaach gëtt an d'Schëffer ouni Taxe kënne passéieren.

Allerdéngs dementéiert d'iranesch Noriichtenagence Fars, datt esou eng Klausel an de Verhandlungen dra wier.

Duerch d'Strooss vun Hormus ginn ënner normalen Ëmstänn grouss Deeler vum weltwäiten Handel mat Pëtrol a Flësseggas transportéiert. Zënter dem Ufank vum Krich Enn Februar blockéiert den Iran dës wichteg Waasserstrooss gréisstendeels.

Zanter Enn Abrëll, esou Teheran, ginn Taxe gefrot, wann Tanker op eng sécher Manéier duerch d'Strooss fuere wëllen.

Back to Top
CIM LOGO